CyclissemElo offiziell: Michel Ries hält op

Rich Simon
Dat huet de 27 Joer ale Coureur elo offiziell op de soziale Medie matgedeelt.
© AFP

Et ass keng grouss Iwwerraschung. De Michel Ries hänkt seng Profikarriär un den Nol.

Nodeems seng Ekipp Arkea B&B Hôtels keen neie Sponsor fir d‘Saison 2026 konnt fannen an doduercher huet mussen ophalen, war et kloer, datt et schwéier fir de Lëtzebuerger géif ginn, een neie Kontrakt bei enger anerer Ekipp ze kréien. Dat ass dann och net geschitt.

De Michel Ries ass ënnert anerem zwee Mol de Giro d‘Italia an d‘Vuelta a Spuenien gefuer. 2024 gouf hien am Tour duerch Italien ëmmerhin de 25.

2020 ass hie fir Lëtzebuerg un den Depart bei den Olympesche Spiller zu Tokyo a Japan gaangen. Um Enn ass hien op déi 73. Plaz komm. Zanter 2022 ass de Michel Ries fir déi franséisch Ekipp Arkea gefuer. Déi zwou Saisone virdru fir Trek-Segafredo.

Back to Top
CIM LOGO