1. Etapp vum Tour Down UnderDen Tobias Lund Andresen gewënnt am Sprint

Tom Nols
Den Dän kann a senger éischter Course fir seng nei Ekipp direkt eng Victoire feieren. Déi zwee Lëtzebuerger Kevin Geniets a Luc Wirtgen fueren an der selwechter Zäit iwwert de Stréch wéi de Vainqueur vum Dag, deen och de Maillot vum Leader iwwerholl huet.
Éischt Victoire an der éischter Course fir säin neit Team
Éischt Victoire an der éischter Course fir säin neit Team
© BRENTON EDWARDS/AFP

Den Dän Tobias Lund Andresen huet déi éischt Etapp vum Tour Down Under gewonnen. No 120 Kilometer ronderëm Tanunda setzt sech de Profi vun Decathlon am Sprint géint de Britt James Matthew Brennan vun Team Visma an den Australier Sam Welsford vun Ineos Grenadiers duerch. Den Andresen ass domat och neie Leader am General, eng Sekonn virum Ineos-Profi Samuel Watson.

An Australien sinn och zwee Lëtzebuerger um Depart. De Kevin Geniets fiert als 79. iwwert de Stréch, de Luc Wirtgen klasséiert sech als 129., allebéid an der selwechter Zäit wéi de Gewënner. Nom Prolog an der éischter Etapp steet de Geniets am General op der 75. Plaz mat engem Retard vun 20 Sekonnen, wärend de Wirtgen deen 98. ass mat 23 Sekonne Retard.

Wéi geet et weider?

En Donneschdeg wäert déi zweet Etapp, erëm an der Géigend vun Adelaide, vun The Parade iwwer 148 koppeg Kilometer op Greenhill Road féieren.

Back to Top
CIM LOGO