
Gewonne gouf de Prolog vum Britt Samuel Watson. Hien iwwerhëlt domadder och d’Féierung am General. Fir déi zwee Lëtzebuerger Kevin Geniets a Luc Wirtgen ass den Tour duerch Australien den Optakt vun der neier Saison. No deenen 3,6 Kilometer koum de Geniets mat engem Retard vun 19 Sekonnen op déi 79. Plaz. De Wirtgen gouf den 103. op 22 Sekonnen.
Beim Tour Down Under stinn dëst Joer 6 Etappen um Programm. D’Coureuren hunn insgesamt 758,9 Kilometer hannert sech ze bréngen. D’Schlussarrivée ass e Sonndeg zu Stirling an der Géigend vu Perth.