Vuelta a EspañaDräi Lëtzebuerger um Depart beim drëtte groussen Tour vun der Saison

RTL Lëtzebuerg
Mats Wenzel, Arthur Kluckers an Alex Kirsch goufe vun hiren Ekippe fir den Tour duerch Spuenien nominéiert.
© RTL

Nodeem scho méi laang bekannt ass, datt de Mats Wenzel fir d'Ekipp Kern Pharma am groussen Tour duerch Spuenien mat dobäi wäert sinn, goufen elo zwee weider Lëtzebuerger fir d'Vuelta nominéiert.

"Optimal wier et, eng Etapp ze wannen", esou de Mats Wenzel am RTL-Interview
D'Ekipp vum Mats Wenzel, Kern Pharma, huet bekannt ginn, datt den 23 Joer ale Vëlosprofi den Tuer duerch Spuenien matfiert.

Tudor Pro Cycling hunn op hirem Internetsite matgedeelt, datt den Arthur Kluckers zu den aacht Coureure gehéiert, déi fir si op de spuenesche Stroossen ënnerwee wäerte sinn.

Arthur Kluckers ass fir déi éischte Kéier bei der Vuelta mat dobäi
Fir de 26 Joer ale Lëtzebuerger ass et déi éischt Participatioun bei engem groussen Tour.

Och bei Cofidis setzt een am Kader op e Lëtzebuerger. Den Alex Kirsch wäert nieft dem Bryan Coquard an dem Alexis Renard déi bekannten a schwéier Course ugoen.

Alexis Kirsch bei der Vuelta um Depart
Cofidis setzt op de Lëtzebuerger un der Säit vum Bryan Coquard an dem Alexis Renard.

De Bob Jungels, deen haut annoncéiert huet, datt hien no dëser Saison net méi weider mécht, an den Kevin Geniets sinn iwwregens beim Renewi-Tour an der Belsch mat dobäi

Back to Top
CIM LOGO