
An nees war et eng flaach Etapp, déi am Massesprint decidéiert sollt ginn. Um Enn huet de Belsch Jasper Philipsen sech am Photo finish virum Hollänner Olav Kooij behaapt. Déi 3. Plaz war fir den Italieener Alessandro Borgo.
Mat dëser Victoire iwwerhëlt de Philipsen virun der leschter Etapp e Sonndeg och d'Féierung am General. Hien huet awer nëmmen eng Avance vu 4 Sekonnen op säi Landsmann Jenno Berckmoes a vun 10 Sekonnen op de Kooij.
De Kevin Geniets ass e Samschdeg mam Peloton ukomm an ass um Enn den 43. ginn. Am General klëmmt hien domat op Plaz 39. De Bob Jungels, dee jo Enn der Saison mam Profisport ophält, ass mat engem Retard vu ronn 6 Minutten den 102. ginn, woumat hien am General den Ament den 116. ass.
1 Philipsen Jasper Alpecin - Premier Tech 3:57:45
2 Kooij Olav Decathlon CMA CGM Team ,,
3 Borgo Alessandro Bahrain - Victorious ,,
4 Groenewegen Dylan Unibet Rose Rockets ,,
5 Mozzato Luca Tudor Pro Cycling Team ,,
6 van den Berg Marijn EF Education - EasyPost ,,
7 Girmay Biniam NSN Cycling Team ,,
8 van Dijke Tim Red Bull - BORA - hansgrohe ,,
9 Bennett Sam Pinarello Q36.5 Pro Cycling Team ,,
10 Bittner Pavel Team Picnic PostNL ,,
...
43 Geniets Kevin Groupama - FDJ United ,,
102 Jungels Bob Netcompany INEOS 6:17
1 Philipsen Jasper Alpecin - Premier Tech 15:22:18
2 Berckmoes Jenno Lotto Intermarché 0:04
3 Kooij Olav Decathlon CMA CGM Team 0:10
4 Hermans Quinten Pinarello Q36.5 Pro Cycling Team 0:23
5 Teunissen Mike XDS Astana Team 0:26
6 Wærenskjold Søren Bahrain - Victorious 0:27
7 Segaert Alec Uno-X Mobility ,,
8 Trentin Matteo Tudor Pro Cycling Team 0:28
9 Donaldson Robert Team Jayco AlUla 0:29
10 Fiorelli Filippo Team Visma | Lease a Bike 0:30
...
39 Geniets Kevin Groupama - FDJ United 2:05
116 Jungels Bob Netcompany INEOS 28:19