"Emotiounen, déi mech ëmmer begleede wäerten"Julian Alaphilippe zitt Schlussstréch ënnert seng Karriär

RTL Lëtzebuerg
De fréiere Weltmeeschter huet e Samschdeg e Bericht vun der "L'Équipe" confirméiert, datt hien direkt e Schlussstréch ënnert seng Karriär zitt.
De Julian Alaphilippe op der leschter Etapp vum Tour de France 2026
De Julian Alaphilippe op der leschter Etapp vum Tour de France 2026
© LOIC VENANCE/AFP

Mam Fransous Julian Alaphilippe geet ee ganz Groussen aus dem Vëlossport an d'"Pensioun". De fréiere Weltmeeschter zitt direkt e Schlussstréch ënnert seng Karriär a wäert keng Coursse méi fueren. "Ech hat d'Éier, dëst Kapitel vu mengem Liewen op de Champs-Élysées zu Paräis iwwer de Montmartre bei der leschter Etapp vum Tour de France op en Enn ze bréngen", sou de Fransous op Instagram. D'Decisioun wier no gudder Iwwerleeung gefall.

Um Héichpunkt vu senger Karriär huet de "Loulou", wéi den Alaphilippe och nach genannt gëtt, an de Joren 2017 bis 2021 praktesch alles gewonnen, ausser e Grand-Tour. De beschte franséische Vëlosfuerer vum leschte Joerzéngt gouf zweemol Weltmeeschter (2020, 2021), dobäi gouf et och Erfolleger bei Mailand – San Remo (2019), dräi Victoirë bei der Flèche Wallone, eng Victoire bei der Strade Bianchi (2019) an der Clasica San Sebastian (2018). Am Schlussklassement war eng 5. Plaz am Tour de France (2019) dat beschte Klassement bei engem Grand-Tour. Dernieft huet de Fransous sechs Etappen am Tour de France gewonnen, eng Etapp am Giro d'Italia, wéi och an der Vuelta.

De Julian Alaphilippe an de Bob Jungels waren och Co-Equipiere bei der belscher Formatioun Soudal – Quick Step. De Lëtzebuerger hat jo Ufank der Woch matgedeelt, datt hien um Enn vun der Saison e Schlussstréch ënnert seng Karriär zéie wäert.

Back to Top
CIM LOGO