
E Sonndeg war déi sechst Course vum Cyclocross-Weltcup an der Belsch zu Koksijde. Hei huet d’Lucinda Brand op en Neits hir aktuell staark Leeschtung ënner Beweis gestallt an d’Course eng weider Kéier dominéiert. Déi 36 Joer als Hollännerin huet virun hirer Landsfra Shirin van Anrooij (+ 36) an der Ceylin Del Carmen Alvarado (+ 1:03) gewonnen. Déi éischt aacht Plaze ware fir hollännesch Fuererinnen. Et war déi insgesamt 80. Victoire vun der Brand an enger Cyclocross-Course. Schonn e Samschdeg hat si de Weltcup zu Antwerpen gewonnen. Domat baut d’Hollännerin hir Féierung am Generalklassement weider aus.
D’Marie Schreiber hat no hirer 18. Plaz um viregten Dag nees net dat néidegt Gléck op hirer Säit. Déi 22 Joer jonk Lëtzebuergerin war an der drëtter vu fënnef Ronne gefall an huet kuerz drop opginn. No der laanger Krankegeschicht war et eréischt déi véiert Course fir d’Lëtzebuerger Cyclistin; et war déi zweet Kéier, dass si opginn huet. Dat selwecht Schicksal huet d’Liv Wenzel erlieft.
An der Häre-Course koum nees kee laanscht de Mathieu van der Poel. Den Hollänner hat eng knapp Avance vu 7 Sekonnen op d’Belsch Laurens Sweeck (+ 7) an den Niels Vandeputte (+ 13). Bei den U23 Häre war de Lennox Papi aus Lëtzebuerger Siicht dobäi. Bei der Victoire vum Hollänner David Haverdings gouf den 18 Joer ale Lëtzebuerger mat engem Retard vu 6:28 de 40. De Rick Meylender koum zäitgläich als 41. un.
1 BRAND Lucinda 48:08
2 VAN ANROOIJ Shirin 0:36
3 ALVARADO Ceylin Del Carmen 1:03
4 VAN ALPHEN Aniek 1:07
5 PIETERSE Puck 1:11
1 VAN DER POEL Mathieu 56:36
2 SWEECK Laurens 0:07
3 VANDEPUTTE Niels 0:13
4 DEL GROSSO Tibor 0:23
5 AERTS Toon 1:04