
E Samschdeg fänkt zu Monaco déi 81. Editioun vun der "Vuelta a España" iwwer 21 Etappe mat am Ganze ronn 3.300 Kilometer un. Mat un den Depart gi mam Alex Kirsch, Arthur Kluckers a Mats Wenzel direkt dräi Lëtzebuerger. Och den Tour-de-France-Gewënner ass dobäi an huet Grousses vir.
Den Tadej Pogacar dominéiert aktuell de Vëlossport bei den Hären. Réischt am Juli konnt den aktuelle Weltmeeschter fir déi fënnefte Kéier, dovun déi drëtt Kéier hannerteneen, den Tour de France wannen. Wat dem Sloween awer aktuell nach feelt, ass eng Schlussvictoire beim Tour duerch Spuenien. Datt hien dëse bis elo nach net gewonnen huet, louch awer éischter dorun, datt en hei réischt eemol 2019 am Alter vun 20 Joer deelgeholl huet, wou et um Enn scho fir eng staark drëtt Plaz duergaange war.
Fir dës Vuelta ass d'Zil also kloer: De Roude Maillot huelen a sech domat an d'Lëscht vun deene ganz grousse Coureuren an der Vëlossport-Geschicht areien, déi Tour de France, Giro a Vuelta scho gewonnen hunn.
Een erfuerene Coureur bei der Vuelta ass ganz kloer de Primoz Roglic. Den aktuelle Coureur vu Red Bull - BORA - Hansgrohe konnt d'Schlussklassement vun der Vuelta scho véier Mol wannen a kéint mat engem weidere Succès Rekordvainqueur ginn. Ob dem Pogacar säi Landsmann awer e wierkleche Konkurrent op den Titel dëst Joer ka ginn, wäert éischter méi schwiereg ginn. Réischt am Juli war de 36 Joer ale Sloween beim Training an eng Chute verwéckelt a laang war onkloer, ob hien iwwerhaapt deelhuele kéint.
Mam Jonas Vingegaard feelt dann ee vun de Coureuren, déi dem Pogacar geféierlech kéinte ginn. D'Ekipp vum Dän hat matgedeelt, datt hien nom Tour de France och a Spuenien wéinst sengem Broch vum Schlësselbeen weider pauséiere misst.
Weider méiglech Konkurrenten an der Startlëscht wieren dann awer nach e Felix Gall, Richard Carapaz oder och e Mattias Skjelmose. Falls sech de Pogacar awer an där selwechter Form wéi beim Tour de France weist, wäert et fir si warscheinlech immens schwéier ginn, eng Chance op d'Schlussvictoire ze hunn.
Bei der Tour de France hat den Alex Kirsch sech schonn an enger exzellenter Form gewisen. Dat war och e Grond, firwat de 34 Joer ale Lëtzebuerger Champion am Zäitfuere sech selwer bei senger Ekipp Cofidis gemellt hat, datt hie wéinst enger gudder Recuperatioun och bei der Vuelta un den Depart goe kéint. Donieft wäerten och de Lëtzebuerger Champion Arthur Kluckers fir d'Ekipp Tudor Pro Cycling Team an de Mats Wenzel fir d'Equipo Kern Pharma un den Depart goen.
Hei fannt Dir all dräi Lëtzebuerger Coureuren am Portrait virum Optakt vun der Vuelta.
21 Etappen an 3.308.8 Kilometer sti fir d'Coureuren um Programm. Den Optakt mécht den 22. August en 9,4 Kilometer laangt Zäitfueren duerch Monaco. Am weidere Verlaf geet et dann duerch dräi weider Länner (Frankräich, Andorra a Spuenien) mat am Ganze méi wéi 58.000 Héichtemeter. Nieft zwee Eenzel-Zäitfuere wäerten et sechs Biergetappen, véier Mëttel-Biergetappen, fënnef hiwweleg Etappen a véier flaach Etappe ginn. D'Arrivée ass dann den 13. September net wéi gewinnt zu Madrid, ma an Andalusien zu Granada.
22.08.: 1. Etapp: Monaco - Monaco (9.4 Kilometer)
23.08.: 2. Etapp: Monaco - Manosque (214.3km)
24.08.: 3. Etapp: Gruissan-Aude - Font Romeu (174.0km)
25.08.: 4. Etapp: Andorra la Vella - Andorra la Vella (104.8km)
26.08.: 5. Etapp: Falset. Costa Daurada - Roquetes. Terres de l'Ebre (173.3km)
27.08.: 6. Etapp: Alcossebre - Castello (177.4km)
28.08.: 7. Etapp: Vall d'Alba - Aramon Valdelinares (149.8km)
29.08.: 8. Etapp: Puçol - Xeraco (171.0km)
30.08.: 9. Etapp: La Vila Joiosa/Villajoyosa - Alto de Aitana. Costa Blanca (187.4km)
31.08.: Paus
01.09.: 10. Etapp: Alcaraz - Elche de la Sierra (184.7km)
02.09.: 11. Etapp: Cartagena - Lorca (151.3km)
03.09.: 12. Etapp: Vera - Calar Alto (166.6km)
04.09.: 13. Etapp: Almunecar - Loja (192.8km)
05.09.: 14. Etapp: Jaen - Sierra de la Pandera (154.5km)
06.09.: 15. Etapp: Palma del Rio - Cordoba (189.7km)
07.09.: Paus
08.09.: 16. Etapp: Cortegana - La Rabiada. Palos de la Frontera (181.1km)
09.09.: 17. Etapp: Dos Hermanas - Sevilla (185.0km)
10.09.: 18. Etapp: El Puerto de Santa Maria - Jerez de la Frontera (32.1km)
11.09.: 19. Etapp: Velez-Malaga - Penas Blancas. Estepona (210.8km)
12.09.: 20. Etapp: La Calahorra - Collado del Alguacil (186.8km)
13.09.: 21. Etapp: Carrefour Granada - Granada (112.0km)