
E Sonndeg war zu Hoogerheide an Holland déi 12. Manche vum Cyclocross-Weltcup. D’Victoire goung, wéi schonn e Samschdeg zu Maasmechelen, un d’Puck Pieterse. D’Hollännerin hat eng knapp Avance vu 6 Sekonnen op d’Kristyna Zemanova aus Tschechien an op d’Franséisin Amandine Fouquenet (+ 10). D’Brittin Zoe Backstedt (+ 11) koum sou just net op de Podium. D’Nummer 1 am Weltcup, d’Lucinda Brand, war bei dëser Course net un den Depart gaangen.
Fir d’Marie Schreiber war et wéi schonn e Samschdeg keng esou gutt Course. D’Lëtzebuerger Nummer 1 ass net an d’Topp 20 gefuer a koum um Enn mat 2 Minutten 10 Sekonne Retard op déi 23. Plaz. D’Liv Wenzel, déi zu Maasmechelen nach opginn hat, gouf zweetbescht Lëtzebuergerin op Plaz 34 (+ 2:50). D’Geschwëster Maïté a Layla Barthels hu sech als 52. (+ 5:43) respektiv 60. (+ 7:18) klasséiert.
Bei den Häre war de Mathieu Van der Poel eng weider Kéier net ze klappen. Den Hollänner huet bis elo all Cyclocross, bei där hien dës Saison un den Depart goung, gewonnen an ass logescherweis Éischten am Weltcup. Säi Landsmann Tibor Del Grosso gouf mat groussem Ofstand (+ 1:20) den Zweeten, huet sech awer am Sprint géint den Niels Vandeputte an den Thibau Nys musse behaapten. Déi dräi koumen an der selwechter Zäit un. Den Toon Aerts (+ 1:21) koum knapp hannendrun als Véierten un. Aus Lëtzebuerger Siicht war de Loïc Bettendorf mat um Depart. Hie gouf den 31. mat 5:13 Réckstand op de Gewënner Van der Poel.
Bei den Espoirë waren de Rick Meylender an de Lennox Papi zu Hoogerheide dobäi. De Meylender gouf bei der Victoire vum 20 Joer ale Fransous Aubin Sparfel (47:38) den 33. mat engem Réckstand vun 3:57. De Papi ass d’Course net op en Enn gefuer. Bei de Juniore ware souguer dräi Lëtzebuerger um Depart. Hei gouf de Ben Fleming als beschte Lëtzebuerger de 27. (+ 2:28). Den Dawson Fehlen Pereira an de Ben Koenig koumen als 44. (+ 4:18) respektiv als 50. (+ 6:01) ënner 52 Coureuren un. Gewonnen huet de Fransous Soren Bruyère Joumard. Bei de Juniorinnen war de Lëtzebuerger Fändel duerch d’June Nothum vertrueden. Déi 17 Joer al Fuererin koum als 38. mat engem Retard vun 4 Minutten a 27 Sekonnen un. D’Course gouf vun der Italieenerin Giorgia Pellizotti gewonnen.