
Kuerz nom Start stoung ee Bierg vun der 3. Kategorie um Programm, dono goung et relativ flaach Richtung Toledo, allerdéngs war de Schluss nach eemol méi schwéier. 10 Kilometer virun der Arrivée koum nach eemol eng Kopp an och de leschte Kilometer war 5% géi.
Ee Spëtzegrupp vun 10 Leit hat d’Etapp iwwer wäit Strecken dominéiert, awer nëmmen 9 Leit konnten nees ageholl ginn, well de Rémi Cavagna huet bis zum Schluss resistéiert a wënnt d’Etapp en solitaire. Aus dem Peloton eraus waren de Sam Bennett an den Zdenek Stybar déi Séierst.
Am General bleift alles onverännert. De Primoz Roglic huet hei 2 Minutten a 47 Sekonnen Avance op den Alejandro Valverde an 3 Minutten an 31 Sekonnen op den Nairo Quintana.
Aus Lëtzebuerger Siicht kënnt den Alex Kirsch e Freideg op déi 71. Plaz mat engem Retard vun 2 Minutten a 47 Sekonnen an de Jempy Drucker gëtt den 154. op 15 Minutten a 46 Sekonnen. Am General ass den Alex Kirsch den 123. op 3 Stonnen, 52 Minutten an 53 Sekonnen an de Jempy Drucker den 128. op 3 Stonnen, 56 Minutten a 57 Sekonnen.
Direkt nom Depart konnt sech ee Spëtzegrupp mat 10 Leit ofsetzen. De Grupp mam Silvan Dillier (ALM), Domen Novak (TBM), Rémi Cavagna (DQT), Lawson Craddock (EF1), Bruno Armirail (GFC), Tsgabu Grmay (MTS), Ben O’Connor (TDD), David de la Cruz (INS), Nikias Arndt (SUN) a Peter Stetina (TFS) hat eng maximal Avance vun 2 Minutten an 30 Sekonnen.
Ronn 66 Kilometer virun der Arrivée koum et am Peloton zu enger gréisserer Chute, wou ënnert anerem och de Primoz Roglic, de Miguel Angel Lopez an de Jempy Drucker gefall waren.
Doropshin huet Movistar sech un d’Spëtzt vum Peloton gesat an huet den Tempo ugezunn, fir de Mann a Rout a Schwieregkeeten ze bréngen. No knapp 10 Kilometer hu si awer nees Tempo erausgeholl, esou dass nees jiddereen opschléisse konnt. Dovunner huet awer de Spëtzegrupp profitéiert, well hir Avance war nees op 1 Minutt a 50 Sekonne geklommen.
Dono ass et awer weider hektesch ginn am Peloton, duerch de Wand sinn ëmmer nees Lächer entstanen a virun allem de Roglic hat dacks Schwieregkeeten, fir den Uschloss ze fannen. Ronn 25 Kilometer virun der Arrivée hat sech dat Ganzt awer nees berouegt a viru un der Spëtzt war et de Rémi Cavagna, deen et op eege Fauscht probéiert huet, zu deem Zäitpunkt hat hien eng Avance vun 1 Minutt an 30 Sekonnen op de Peloton.
De Fransous vun der Ekipp Deceuninck Quick-Step konnt seng Avance een Ament esouguer ausbauen, ma 10 Kilometer virun der Arrivée war dës schonns op 1 Minutt gefall.
De Cavagna huet awer op Zänn gebass an huet et eleng bis op d’Arrivée gepackt, fir dës Etapp en solitaire ze gewannen. Nëmmen e puer Sekonnen hannendru koum de Sam Bennett als 2. un, dat virum Zdenek Stybar an dem Philippe Gilbert, deemno 3 Coureure vun Deceuninck Quick-Step ënnert den éischte 4.
1 Cavagna Rémi Deceuninck - Quick Step
2 Bennett Sam BORA - hansgrohe 0:05
3 Štybar Zdeněk Deceuninck - Quick Step ,,
4 Gilbert Philippe Deceuninck - Quick Step ,,
5 Valverde Alejandro Movistar Team ,,
6 Van der Sande Tosh Lotto Soudal 0:08
7 Teuns Dylan Bahrain Merida ,,
8 Pogačar Tadej UAE-Team Emirates ,,
9 López Miguel Ángel Astana Pro Team ,,
10 Roglič Primož Team Jumbo-Visma ,,
1 Roglič Primož Team Jumbo-Visma 20 75:00:36
2 Valverde Alejandro Movistar Team 2:47
3 Quintana Nairo Movistar Team 3:31
4 López Miguel Ángel Astana Pro Team 4:17
5 Pogačar Tadej UAE-Team Emirates 4:49
6 Majka Rafał BORA - hansgrohe 7:46
7 Kelderman Wilco Team Sunweb 9:46
8 Hagen Carl Fredrik Lotto Soudal 11:50
9 Knox James Deceuninck - Quick Step 13:20
10 Soler Marc Movistar Team 21:09