Uerg Chute wärend der VueltaTadej Pogacar huet sech Schlësselbeen an Halswirbel gebrach

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg war et op der 8. Etapp vun der Vuelta zu enger ganzer Partie Chutte komm. An eng war de Mann am roude Maillot verwéckelt. Hien huet duerno missen opginn.
Tadej Pogacar
Tadej Pogacar
© XAVIER BONILLA/NurPhoto via AFP

Den Tadej Pogacar huet sech e Samschdeg bei senger uerger Chute op der 8. Etapp vun der Vuelta schwéier blesséiert. Wéi säin Team UAE e Samschdeg den Owend matgedeelt huet, huet de Weltmeeschter sech ënner anerem dat lénkst Schlësselbeen an de siwenten Halswierbel gebrach. Donieft huet hien och eng Gehirnerschütterung.

Wéinst der Gehirnerschütterung gëtt den noutwendegen Agrëff um Schlësselbeen net direkt gemaach. Dem UAE-Teamdokter no ass de Broch um Halswierbel stabil, esou datt keng Gefor fir méiglech Schied um Réckemuerch besteet. Weider schwéier Blessuren oder neurologesch Schied konnten ausgeschloss ginn.

De Slowen war ronn 32 Kilometer virun der Arrivée mat héijer Vitess gefall, nodeems et am Peloton zu enger Chute komm war. Hie war e Samschdeg nach als Leader an d'Course gaangen. Zanter der éischter Etapp louch den Tour-de-France-Gewënner un der Spëtzt vum General a war um beschte Wee, fir seng éischt Vuelta ze gewannen.

Wéinst senge Blessuren ass eng Participatioun op der Weltmeeschterschaft a Kanada an engem Mount méi wéi onsécher. Och de Start bei der Europameeschterschaft am Oktober a sengem Heemechtsland Slowenien schéngt aktuell onwarscheinlech.

Back to Top
CIM LOGO