
D’Vëloswelt weist sech no der traureger Nouvelle zu déift geschockt. Iwwert déi sozial Netzwierker hu vill Coureuren hiert Bäileed ausgedréckt.
RTL-Artikel: Doud vum Bjorg Lambrecht no Chute
Op Grond vum trageschen Doud vum Bjorg Lambrecht hunn d’Organisateure vum Tour duerch Polen decidéiert, datt déi véiert Etapp en Dënschdeg iwwer 173 Kilometer neutraliséiert gëtt. Si gouf op 133,7 Kilometer verkierzt. Et gouf och festgehalen, datt d’Ekipp vum Bjorg Lambrecht zesumme, virum Peloton, iwwert d’Ligne d’Arrivée fiert.