Mat vill Applaus ass den Alexander Davies, zesumme mat allen anere lëtzebuergeschen Athleten, e Méindeg um Findel empfaange ginn. De Lëtzebuerger Karateka hat e Sonndeg an der Kategorie +84kg d'Sëlwermedail gewonnen. Och d'Sportsministesch Martine Hansen huet et sech net huele gelooss, ze gratuléieren.
De jonke Lëtzebuerger ass houfreg op säi Vizeweltmeeschtertitel a sot alle Leit ronderëm hie Merci fir déi fantastesch Saison, an där hien och Europameeschter ginn ass an aktuell op Nummer 1 am Ranking steet.