Karate-WMSëlwer fir den Alexander Davies bei der U21 an der Kategorie +84kg

Jeff Birsens
No senger Goldmedail bei der U21-EM huet de Lëtzebuerger Alexander Davies duerch eng Defaite an der Finall WM-Gold verpasst, kann awer op ee staarken Turnéier zréckkucken.
Den Alexander Davies konnt sech no der Defaite an der Finall trotzdeem iwwer Sëlwer freeën
© FLK

Den Alexander Davies huet bei der U21-WM an der Kategorie +84kg Sëlwer gewonnen. An der Finall e Sonndeg am polnesche Bielsko-Biala huet sech de Lëtzebuerger Karateka misse géint den Ivan Kudzinau aus Belarus trotz enger 1:0-Féierung nach mat 1:7 geschloe ginn.

Um Wee an d'Finall war den Alexander Davies, dee schonn als U21-Europameeschter ugereest war, immens staark ënnerwee. No de Victoirë géint den Zypriot Charalampos Themistokleous (7:1), de Georgier Nikoloz Gigauri (3:0) an de Bosnier Harun Smajic (7:4) gouf et och an der 1/2-Finall eng souverän 3:0-Victoire géint de Fransous Adam Tadjer.

En Donneschdeg hat de Lëtzebuerger Jordan Sibille d'U21-WM an der Kategorie -75kg mat der siwenter Plaz ofgeschloss.

Weider Artikelen zu deem Theema

Back to Top
CIM LOGO