
D'Angelique Kerber, d'Gewënnerin vun der Editioun 2025, steet als éischt Spillerin an der Finall vum Luxembourg Ladies Tennis Masters. Hir Géignerin gëtt am Match tëscht der Yanina Wickmayer an der Alizé Cornet gesicht. Wann d'Cornet sech duerchsetze sollt, kéint et zum Remake vun der Finall zejoert kommen.
Déi éischt Halleffinall tëscht der Agnieszka Radwanska an der Angelique Kerber war vum Resultat hier (6:2, 6:4) vläicht däitlech, mee de Matchverlaf huet dat net erëmgespigelt. Virun allem am éischte Saz war déi fréier polnesch Nummer 1 vun der Weltranglëscht op engem Niveau mat der Däitscher, hat an den decisive Momenter awer net dat néidegt Gléck op hirer Säit.
Och am zweete Saz ass der Radwanska kee Comeback gelongen, well hir Bäll net laang genuch waren, fir d'Kerber a Schwieregkeeten ze bréngen. Trotz enger méi héijer Feelerquot bei der fréierer däitscher Nummer 1 war hir d'Victoire net méi ze huelen. Wéi d'Polin mat 4:5 dru war, huet d'Lénkshännerin bei eegenem Service de Match zougemaach.
D'Finall kënnt Dir e Sonndeg vu 15 Auer un op RTL ZWEE, RTL.lu an RTL Play suivéieren.
Hei fannt Dir de ganzen Dossier vum Luxembourg Ladies Tennis Masters.