
Am Biathlon huet de Fransous Eric Perrot de Sprint iwwer 10 Kilometer zu Kontiolahti a Finnland gewonnen, knapp 27 Sekonne virum US-Amerikaner Campbell Wright. Mat 30 Sekonne Retard komplettéiert de Sebastian Samuelsson de Podium. Bei den Damme gouf et iwwerdeems no 7,5 Kilometer eng Victoire vum Elvira Öberg, virum Justine Braisaz-Bouchet an dem Kamila Zuk.
Zu Killington an US-Bundesstaat Vermont waren d'Fraen am Slalom am Asaz. Hei konnt sech d'Schwäizerin Camille Rast mat enger Zäit vun 1:40,93 d'Victoire sécheren, datt 0,09 Sekonne virun der Albanerin Lara Colturi. Op déi drëtt Plaz koum d'Lokalmattadorin Mikaela Shiffrin, déi 0,59 Sekonne Retard hat.
Am Riseslalom bei den Hären, déi zu Copper Mountain am US-Bundesstaat Colorado huet kee Wee laanscht de Brasilianer Lucas Pinheiro Braathen gefouert, deen och schonn déi leschte Coursse ganz staark ënnerwee war. De Circuit huet hie no 2:21,01 Minutten hannert sech bruecht a war domadder 0,14 Sekonne méi séier wéi den Éisträicher Stefan Brennsteiner. De Podium gouf duerch den Däitschen Anton Grammel komplettéiert. Hien hat eppes méi wéi eng hallef Sekonn Retard op den éischten.