1. Plaz am Klassement vun den DammenAnna Reiff wënnt Ironman 70.3 zu Knokke-Heist

RTL Lëtzebuerg
D'Anna Reiff huet no der Victoire beim Ironman 70.3 zu Lëtzebuerg och an der Belsch déi séierst Zäit bei den Damme geliwwert.
Anna Reiff beim Ironman 70.3 zu Lëtzebuerg (Archiv)
© Steve Müller

D'Anna Reiff huet e Sonndeg den Ironman 70.3 zu Knokke-Heist an der Belsch gewonnen. No 1,9 Kilometer Schwammen, 90 Kilometer Vëlo an 21,1 Kilometer Lafen hat d'Lëtzebuerger Triathleetin e Chrono vu 4:26:15 Stonnen a war domat déi séierst Fra vun der Course. Scho beim Ironman 70.3 op der Musel konnt d'Anna Reiff d'Klassement vun den Damme fir sech entscheeden.

D'Victoire bei den Hären ass zu Knokke-Heist un de Belsch Tom Defoort gaangen, deen no 3:52:52 Stonnen iwwert d'Zillinn gelaf ass.

Back to Top
CIM LOGO