Ironman 70.3 LëtzebuergAnna Reiff gewënnt Ironman bei den Dammen

RTL Lëtzebuerg
Domat huet d'Lëtzebuergerin och gläichzäiteg de Lëtzebuerger Championstitel iwwer d’Mëtteldistanz gewonnen.
© René Pfeiffer

E Sonndeg de Moie stoung zu Réimech den Ironman virun der Dier. Um fréie Moien hunn d'Organisateure awer matgedeelt, datt wéinst Bloalgen net an der Musel ka geschwomme ginn.

Déi 1,9 Kilometer sinn deemno ausgefall an aus dem Triathlon ass doduerch quasi en Duathlon ginn. D'Athleten an Athletinnen haten ëmmer nach déi 90 Kilometer Vëlofueren an 21,1 Kilometer Lafen um Programm stoen.

Eng staark Prestatioun gouf et bei den Dammen. D’Anna Reiff huet net nëmmen de Lëtzebuerger Championstitel iwwer d’Mëtteldistanz gewonnen, mee konnt sech och d’Schlussvictoire beim Ironman sécheren.

Bei den Häre goung de Lëtzebuerger Championstitel un den Adrien Rossignon. D’Schlussvictoire vum Ironman konnt de Belsch Jente Van Mulders feieren.

D'Bloalgen an der Musel
© Patrick Frieden / RTL

Back to Top
CIM LOGO