Luxembourg Ladies Tennis MastersKerber klappt Puig a steet an der Halleffinall

Lynn Kayser
En Donneschdeg huet an der Coque déi 5. Editioun vum Luxembourg Ladies Tennis Masters ugefaangen.
De Grand-Duc Guillaume mat de Spillerinne Monica Puig an Angelique Kerber, wéi och den Organisateuren.
De Grand-Duc Guillaume mat de Spillerinne Monica Puig an Angelique Kerber, wéi och den Organisateuren.
© Roland Miny / pressphoto

Fir den Optakt vun de Véierelsfinalle vum Luxembourg Ladies Tennis Masters krut et d'Gewënnerin vun zejoert Angelique Kerber mat der Puerto-Ricanerin Monica Puig ze dinn. Um Enn war d'Partie eng kloer Affär. Déi fréier Nummer 1 op der Welt huet sech souverän an zwee Sätz mat 6:2 a 6:3 géint d'Puig duerchgesat.

Am nächsten Tour kritt d'Kerber et entweder mat der Polin Agnieszka Radwanska oder der Franséisin Tatiana Golovin ze dinn. D'Partie Radwanska vs Golovin kënnt Dir am Livestream um RTL ZWEE an RTL Play live kucken.

De kompletten Dossier mat de Livestreamen, den Artikelen an de Fotogalerië fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO