Den Iwwerbléck vum WantersportLoïc Meillard wënnt Riseslalom zu Val d'Isère

Jeff Birsens
Am Schi Alpin huet de Franous de Luca Aerni an de Marco Odermatt hannert sech gelooss.
© Foto von OLIVIER CHASSIGNOLE / AFP

Biathlon

Bei den Hären huet e Samschdeg den Eric Perrot d’Poursuite iwwer 12,5 Kilometer gewonnen. Zu Hochfilzen ass de Fransous no 30:06.20 Minutten ouni Feeler mat engem Ecart vun 10.20 Sekonne virum Italieener Tommaso Giacomel ukomm, deem ee Feeler ënnerlaf war. Déi drëtt Plaz war mat engem Retard vun 29.00 Sekonnen an engem Feeler fir den Norweger Johan-Olav Botn.

Bei den Damme gouf et an der Staffel iwwer 4x6 Kilometer eng Victoire fir Schweden. Mat engem Chrono vun 1:06:52.40 Stonn hu si Norwegen (+40.30s) an Däitschland (+51.30s) hannert sech gelooss.

Schisprangen

Op der Schanz zu Klingenthal hunn e Samschdeg d’Dammen den Optakt gemaach. Mat 294.10 Punkten ass d’Victoire un d’Nika Prevc gaangen. D’Sloweenin konnt sech géint d’Nozomi Maruyama (290.10) an d’Anna Odine Strom duerchsetzen.

Bei den Hären huet zu Klingenthal den Domen Prevc senger Konkurrenz keng Chance gelooss an huet sech mat 298.50 Punkten déi éischt Plaz geholl. Hannendrun ass de Stefan Kraft mat 273.00 Punkten den Zweeten an de Philipp Raimund mat 271.90 Punkten Drëtte ginn.

Schi Alpin

Am Riseslalom vun den Hären zu Val d’Isère huet sech e Samschdeg de Loïc Meillard d’Victoire geholl. No den zwee Duerchgäng hat de Fransous en Ecart vun 0.18 Sekonnen op de Schwäizer Luca Aerni an 0.33 Sekonnen op deem säi Landsmann Marco Odermatt.

D’Victoire bei der Descente zu St. Moritz ass bei den Dammen un d’Emma Aicher gaangen. Déi Däitsch huet d’Lindsey Vonn, déi e Freideg nach sensationell op der selwechter Piste wanne konnt, mat 0.24 Sekonnen no zwee Duerchgäng hannert sech gelooss. Déi drëtt Plaz um Podium ass un d’Sofia Goggia mat engem Retard vun 0.29 Sekonne gaangen.

Back to Top
CIM LOGO