
D'Lëtzebuerger Faarwe ginn op der Turn-Weltmeeschterschaft vum 17. bis de 25. Oktober zu Rotterdam an Holland direkt vun zwee Athlete vertrueden. D'Céleste Mordenti hat sech well am August iwwer d'Europameschterschaft zu Zagreb a Kroatien fir d'WM qualifizéiert. Mam Quentin Brandenburger ass elo en zweete Lëtzebuerger nogerutscht. Och wann d'Prozeduren fir eng nodréiglech Qualifikatioun net ganz einfach ze erkläre sinn, ass den 22 Joer ale Sportler frou zu Rotterdam kënne mat dobäi ze sinn.
Quentin Brandenburger: "Natierlech hunn ech mech net qualifizéiert, wéi ech et grad wollt. Also ech si wierklech e bëssen eragerutscht. Also et ass esou, dass d'Federatioun International Gymnastics nach zwou Plazen hat, fir déi nächst Allrounder, déi nach net qualifizéiert sinn. Wéinst Grënn, déi ech net richteg verstanen hunn. Et ass ëmmer relativ komplex. An dowéinst sinn ech an e Georgier eragerutscht. Ech si mega frou, dass ech d'Opportunitéit hunn, nach méi Potenzial op der Weltmeeschterschaft kënnen ze weisen."
De Berechnunge vun der FLGym no hat de Quentin Brandenburger déi direkt Qualifikatioun op der Europameeschterschaft virun e puer Wochen ëm eng Plaz verpasst. Trotzdeem huet den Athlet aus dem COSL-Promotiounskader d'Chance säi Kënnen op der WM ënner Beweis ze stellen.