Schwamm-EM zu ParäisRémi Fabiani kënnt net an d'Finall vun de 50m Réck

RTL Lëtzebuerg
Wéi schonn iwwer déi 100m Fräistil ass et fir de Lëtzebuerger net duergaangen, fir sech fir d'Finall ze qualifizéieren.
© deepbluemedia

Mat engem neien nationale Rekord (24,73 Sekonnen) hat de Rémi Fabiani sech scho fir Halleffinalle iwwer 50m Réck qualifizéiert. Hien hat déi 13. séierst Zäit vun den 72 Schwëmmer, déi un de Start gaange sinn. De Rémi Fabiani stoung an der Startlëscht vun der 1. Halleffinall um 19:00 Auer, déi ass awer mat liichter Verspéidung ugaangen. Déi zweet Finall ass dräi Minutte méi spéit gestart.

A senger eegener Manche ass de Lëtzebuerger Schwëmmer mat enger Zäit vun 24,96 Sekonnen op déi 8. a leschte Plaz komm. Mat senger Zäit war hien dee Lueste vun de 16 Schwëmmer, déi d'Halleffinall erreecht hunn.

Back to Top
CIM LOGO