Schwamm-EM zu ParäisRémi Fabiani schwëmmt mat neiem nationale Rekord an d'Halleffinallen iwwer 50m Réck

RTL Lëtzebuerg
De Lëtzebuerger hat et och schonn iwwer 100 Meter Fräistil an d'Halleffinalle gepackt.
De Rémi Fabiani
© FRANCOIS-XAVIER MARIT/AFP

Op der Schwamm-EM zu Paräis gouf et um Donneschdeg nees gutt Nouvellen aus Lëtzebuerger Siicht. De Rémi Fabiani huet iwwer 50 Meter Réck seng Serie an enger Zäit vu 24 Sekonnen an 73 Honnertstel gewonnen. Domadder huet hie säin eegenen nationale Rekord ëm 56 Honnertstel verbessert an huet sech och fir d'Halleffinalle qualifizéiert. De Lëtzebuerger ass déi 13. séierst Zäit vun allen 72 Starter geschwommen. D'Halleffinallen iwwer 50 Meter Réck sinn en Donneschdeg den Owend ëm 19:00 Auer.

Fir e weidere Lëtzebuerger Rekord huet en Donneschdeg d'Emma Barthel gesuergt. D'Lëtzebuergerin huet an de Virleef iwwer 200 Meter Brasse no zwou Minutten, 33 Sekonnen an 93 Honnertstel ugeschloen. Domadder ass si 65 Honnertstel ënnert hirem ale Rekord bliwwen. Fir d'Halleffinallen ass et awer net duergaangen. Si klasséiert sech als 23. ënnert 23 Schwëmmerinnen.

De Ralph Daleiden Ciuferri ass a senger Serie iwwer 200 Meter Fräistil mat enger Zäit vun enger Minutt, 47 Sekonnen an 98 Honnertstel de 7. ginn. Um Enn hunn aacht Zéngtel gefeelt, fir sech fir d'Halleffinallen ze qualifizéieren. Fir hien ass et déi 34. Plaz ënnert 84 Participanten. De Lëtzebuerger huet säin nationale Rekord ëm nëmmen 24 Honnertstel verpasst.

D'Lëtzebuerger 4x100m-Fräistil-Staffel vun den Hären (Daleiden Ciuferri, Fabiani, Kemp a Frippiat huet mat dräi Minutten, 17 Sekonnen an 32 Honnertstel den nationale Rekord verbessert, de Sprong an d'Finall awer verpasst. Den ale Lëtzebuerger Rekord stoung bei dräi Minutten, 20 Sekonnen a 7 Honnertstel. De Rémi Fabiani ass mat 48 Sekonnen a 37 Honnertstel och ënnert sengem nationale Rekord aus de Virleef vun der Eenzelcompetitioun bliwwen. Fir d'Lëtzebuerger Staffel ass et um Enn déi 15. Plaz ënnert 18 Ekippen.

Den Ofschloss en Donneschdeg de Moien huet aus Lëtzebuerger Siicht d'Lou Jominet gemaach. D'Lëtzebuergerin huet iwwer 1500 Fräistil mat engem Chrono vu 17 Minutten, véier Sekonnen an 69 Honnertstel als Zweet an hirer Serie ugeschloen. Hir Zäit ass net duergaange fir déi nächst Ronn.

Back to Top
CIM LOGO