Eng Woch nom Vize-EuropameeschtertitelRuben Querinjean mat neiem nationale Rekord a véierter Plaz bei der Diamond League

RTL Lëtzebuerg
De Lëtzebuerger Ruben Querinjean huet e Sonndeg fir e weidert excellent Resultat iwwer 3.000 Meter Steeple gesuergt.
© PAUL ELLIS/AFP

An der Liichathleetik konnt de Ruben Querinjean op en Neits fir ee super Resultat suergen. De Vize-Europameeschter iwwer 3.000 Meter Steeple ass e Sonndeg bei der Diamond League a Polen iwwer dës Distanz op déi 4. Plaz komm. Donieft konnt hien och säin eegenen nationale Rekord pulveriséieren an ëm 4,11 Sekonne verbesseren. Déi nei Beschtzäit steet elo bei 8 Minutten, 5 Sekonnen a 36 Honnertstel. Hie war och den éischten Europäer an der Course.

De Gemechu Godana aus Äthiopien konnt sech mat enger Zäit vun 8 Minutten, 2 Sekonnen a 74 Honnertstel duerchsetzen.

Back to Top
CIM LOGO