Luxembourg Ladies Tennis MastersWickmayer a Cornet komplettéieren d'Halleffinallen

RTL Lëtzebuerg
E Freideg den Owend war an der Coque d'Suite vun de Véierelsfinalle vum Luxembourg Ladies Tennis Masters.
D'Alizé Cornet (lénks) huet der Slowakin Magdalena Rybarikova, keng Chance gelooss.
D'Alizé Cornet (lénks) huet der Slowakin Magdalena Rybarikova keng Chance gelooss.
© Roland Miny / pressphoto

D'Yanina Wickmayer an d'Alizé Cornet hunn e Freideg den Owend an der Coque d'Halleffinalle vum Luxembourg Ladies Tennis Masters komplettéiert.

Am éischte Match vum Dag stounge sech d'Yanina Wickmayer aus der Belsch an d'Petra Kvitova aus Tschechien géintiwwer. Dem Wickmayer ass et gelongen, fir de Match géint Kvitova ze dréinen an eng Victoire ze feieren. D'Tschechin hat den éischte Saz nach mat 7:6 (4) gewonnen, éier d'Wickmayer duerch e 7:5 am zweete Saz ausgeglach an den entscheedenden Tiebreak mat 10:6 fir sech entscheet huet.

Luxembourg Ladies Tennis Masters: Wickmayer klappt Kvitova an de 1/4-Finallen (Replay)

An der Halleffinall kritt d'Belsch et mat der Finalistin vun zejoert Alizé Cornet ze dinn. D'Franséisin, déi kuerzfristeg an d'Starterfeld nogeréckelt war, huet der Slowakin Magdalena Rybarikova an der leschter Véierelsfinall keng Chance gelooss a sech kloer an zwee Sätz mat 6:1 a 6:2 behaapt.

Luxembourg Ladies Tennis Masters: Cornet klappt Rybarikova an de 1/4-Finallen (Replay)

D'Cornet huet domat ënnerstrach, datt och dëst Joer mat hir ze rechnen ass. D'lescht Joer hat si sech an der Finall eréischt am Tiebreak dem Angelique Kerber misse geschloe ginn.

D'Halleffinalle LIVE op RTL ZWEE an RTL Play

E Samschdeg geet et weider mat den Halleffinalle vum Luxembourg Ladies Tennis Masters. Vu 17:00 Auer u sti sech an der éischter Halleffinall déi däitsch Angelique Kerber an d'Polin Agnieszka Radwanska géintiwwer. Duerno ass et dann den Duell tëscht der Belsch Yanina Wickmayer an der Franséisin Alizé Cornet.

Béid Partië kënnt Dir live um RTL ZWEE, RTL Play an RTL.lu kucken.

De kompletten Dossier vum Luxembourg Ladies Tennis Masters mat Fotoen, Videoen an Artikele fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO