Nohalteg Iddie fir Chrëschtdag, déi Spaass maachenAmplaz Kaddospapeier: e Schal oder Kichenduch

RTL Lëtzebuerg
Chrëschtdag steet fir schéi Momenter zesummen. Firwat net och bei engem Tour an der Natur!
© Naturparken

Naturparken - Anita Lanners - Chrëschtdag nohalteg gestalten 01.12.2025

D’Anita Lanners huet am Studio verzielt wéi ee fir Chrëschtdag d’Natur ka schützen. Dat geet beim Kaf vum Beemchen un, wou een op verschidde Saachen oppasse kann:

De Beemche sollt am Beschten aus lokaler Produktioun kommen, méiglechst ouni Asaz vu Pestiziden a Konschtdünger. E grousse Virdeel dorun ass, datt een de Beemchen duerno zum Beispill nach Geesse kéint ze friesse ginn, esou datt en nach en Notzen hätt. Net zécken an einfach beim Produzent nofroen.
E Plastiksbeemche muss ongeféier 17 Joer an den Asaz kommen, éiert en um CO2-Bilan un den echten erukënnt. Eng weider Alternativ wier ee selwergebauten oder kaafte Beemchen, deen een zum Beispill aus schéinen Äscht oder anerem Material kéint maachen. Dat kéint iwwerdeems och e flotte Famillje-Projet fir d’Adventszäit sinn.

Wann een u Chrëschtdag denkt, dann denkt een natierlech och un d’Iessen – ginn et do Saachen, ob déi ee sollt oppassen?
Regional a saisonal ass hei d’Stéchwuert. An den Naturparke ginn et eng Partie lokal Produzenten, déi sech doriwwer eraus och am Naturschutz engagéieren. Ganz gutt ass natierlech och Wëld, wou déi ganz Zuucht keng Roll spillt an dat domat méiglechst natierlech ass. Oder et léisst een d’Fleesch op der Säit a probéiert e vegetarescht Rezept.
A wéi gesäit et mat de Kaddoen aus ?
Bei de Kaddoe sollt een sech am Virfeld Gedanke maachen, ob déi Persoun villäicht ee spezielle Wonsch huet. Eventuell kann een zu puer zesummeleeë fir dëse Wonsch z’erfëllen. Alternativ kann een och gemeinsam Zäit verschenken. E Kachcours, e flotten Ausfluch oder e Concert si just e puer Beispiller. Vill Klengegkeeten, déi eigentlech léif gemengt sinn an net wierklech gebraucht ginn, verbrauche leider onnëtz Ressourcen. Och dee ville Kaddospabeier lant dacks no kuerzem Asaz an der Poubelle. Besser sinn hei schéi Kaddostuten, déi Joer fir Joer an den Asaz kommen. Och Kichendicher oder Schaler kënne fir d‘Verpake genotzt ginn.

D’Spadséierweeër an Hotspots vun der Lëtzebuerger Natur fannt der op naturpark.lu. Wann Dir op der Sich no regionalen a saisonale Produkter sitt kuckt op naturgeneissen.lu.

Back to Top
CIM LOGO