E Sonndeg war de kompletten 13. Spilldag an der ieweschter Divisioun am nationale Futtball-Championnat. De Match Phare vum 13. Spilldag war sécherlech de Match Déifferdeng géint Nidderkuer. Knapp iwwer 1.000 Spectateure waren zu Déifferdeng beim Derby tëscht dem FCD03 an dem Progrès dobäi.
Déifferdeng hat an deenen éischte 45 Minutten d'Spillkontroll, huet sech eng sëlleg Chancen eraus gespillt an awer louchen Thill a Co. no 32. Minutte mat 0:2 a Réckstand. Mat hiren zwou eenzege Chancen an der éischter Hallschent huet Nidderkuer a Persoun vum Hoxha direkt zwee mol getraff an huet de Spillverlaf zu dësem Zäitpunkt komplett op d'Kopp geheit. Kuerz virun der Paus konnt d'Lokalekipp duerch de Melhor an der Nospillzäit aus dem Gewulls eraus de wichtegen Uschloss markéieren. No der Paus sollt d'Lokalekipp bannent 3 Minutten de Match zu hire Gonschten dréinen. De Rauch per Eelefmeter an der 50. Minutt an de Sunday an der 53. Minutt hunn dofir gesuergt dass Déifferdeng de Match no der Paus relativ séier konnt dréinen an een opgrond vum Spillverlaaf och verdéngt a Féierung gaangen ass. An der 77. Minutt huet et dono ausgesinn wéi wann d'Virentscheedung gefall wier. De Sunday huet Defense vun Nidderkuer ausgespillt a hummert de Gol an de kuerze Wénkel. E super Gol fir de 4:2. De Progrès huet sech awer net opginn, an et huet een duerch de Kitenge an der 87. Minutt nach emol op 3:4 verkierzt. An der drëtter Minutt vun der Nospillzäit huet de fréieren Déifferdenger Hadji per Eelefmeter dach nach fir de Progrès ausgeglach. E geckege Match geet no intensiven 90 Minutten 4:4 aus.
De Leader an der Tabell Una Stroossen huet missen zu Ettelbréck untrieden. Hei konnt sech de Leader mat 2:0 duerchsetzen. Stroossen bleift deemno weider ongeschloen. Och fir Munneref a Biissen stoungen Auswäertsmatcher um Programm. Munneref gëtt eng 2:0 Féierung aus der Hand a spillt nach 2:2 géint Käerjeng. Biissen setzt sech däitlech mat 4:0 zu Hesper duerch. Hesper steet also weider op der leschter Plaz an der Tabell.
Och zu Rouspert sinn eng sëlleg Goler gefall. Hei ka sech d'Lokalekipp mat 3:2 géint d'Jeunesse Esch duerchsetzen. De Racing spillt doheem 3:1 géint Wolz. Diddeleng léisst Punkte leien géint Walfer a spillt just 2:2.
Ganzer 8 Goler hunn Spectateuren zu Hueschtert gesinn. Rëmeleng huet an der 89 Minutt ausgeglach an esou spille béid Formatiounen 4:4.
________________________________________________
Klickt op de Match, fir op de Replay an de Liveticker ze kommen.