
"Du Fausti Do" heescht de grousse Musekspektakel vum Iechternacher Lycée a Koproduktioun mat der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik, dem Trifolion an dem Cube 521.
Dat ganzt ass en Deel vun enger Trilogie, déi 2029 wäert op en Enn kommen.
Ëmmer gëtt unhand vum Liewe vun engem bekannte Lëtzebuerger Entertainer eng Period vun der Lëtzebuerger Geschicht erzielt.
Deen éischten Deel "Du Litty Do" war 2023 erauskomm an hat mam Liewe vum Ënnerhalungskënschtler Pierre-Toussaint Stefani, kuerz Litty, d'Period 1872 bis 1932 ofdeckt. "Du Fausti Do" spillt vu 1940 bis 2021, also wärend dem Fausti sengem Liewen.
Den leschten Deel wäert dann "Du Pully Do" heeschen, nom bekannte Spillmann aus dem 19. Jh.
De Georges Urwald huet de Lead vum Projet. Am RTL Interview gëtt ee gewuer wat sech konkret op der Bün ze erwaarden ass, ma et geet och ëm de pedagogesche Faktor, net nëmme fir d'Leit, déi kucke kommen, mee och fir d'Schüler. Um Enn sinn dës opwänneg Opféierunge jo Schoultheaterproduktiounen!
D'Premiere vun "Du Fausti Do" ass dëse Freiden, 27. November 2027. Tickete gëtt et op Trifolion.lu.
Och nach den 28. a 29. November kann een de Concert-Spektakel am Trifolion zu Iechternach gesinn. De 16. Januar gëtt "Du Fausti Do" dann am Cube 521 zu Maarnech opgefouert.