Laanscht de SkateparkGréng Péitruss suergt fir Verwonnerung

RTL Lëtzebuerg
An de soziale Medie mécht eng Foto vun enger opfälleg gefierfter Péitruss den Ament d'Ronn.
© Patrick Reisdorff

"Fréien oder spéide St. Patrick's Day an der Péitruss?", freet den User, deen d'Foto mat Vue vun uewen erof op d'Péitruss gedeelt huet.

Mir hunn nogefrot, wat et mat der gëftgrénger Faarf op sech huet. Fir d'éischt awer emol Entwarnung: vun der Stad Lëtzebuerg heescht et, d'Substanz wier net ëmweltschiedlech. Et handelt sech ëm een Tracage mat Uranine.

Uranine, oder Natriumfluorescein, gëtt benotzt, fir Waasserleef visibel ze maachen oder Lächer a Waassersysteemer ze fannen. Ma och wa se ongeféierlech ass, muss d'Benotze vun der Substanz am Virfeld bei der Stad Lëtzebuerg ugefrot ginn. An dat ass wéi et schéngt net geschitt. Vun der Stad Lëtzebuerg heescht et dowéinst, de Service Canalisation géif elo bei den Entrepreneuren nofroen, wou d'Substanz hierkéim.

Uranine ass onbedenklech, ma d'Gewässer zu Lëtzebuerg sinn allgemeng an engem schlechten Zoustand. Keen eenzegt Uewerflächewaasser zu Lëtzebuerg erfëllt aktuell den ökologeschen oder cheemesche Standard, dee vun der EU gefuerdert gëtt.

© Lenie Schmitz

Back to Top
CIM LOGO