Strooss komplett gespaartGréissere Brand an der Rue de Beggen zu Beggen

Kevin Kayser
Kuerz no 18 Auer huet den ACL eng éischte Kéier en Hausbrand zu Beggen gemellt.
Feier an der Rue de Beggen zu Beggen.
En Donnschedeg am fréien Owend koum et zu engem Hausbrand zu Beggen.

D'Police confirméiert op Nofro e gréisseren Asaz wéinst engem Hausbrand an der Beggenerstrooss zu Beggen. Hei soll en Haus brennen, wat aktuell eidel ze stoe schéngt. D'Rettungsekippen op der Plaz konnte bis ewell och keng Persoun am Gebai untreffen. Well de Brand awer nach amgaangen ass, konnt een nach net alleguerten d'Raim vum Haus duerchsichen. Vun der Plaz heescht et, datt et wuel nach e puer Stonnen dauere kéint, bis d'Feier komplett geläscht ass - Police schätzt ronn zwou Stonnen. Op Biller gesäit et dono aus, wéi wann d'Gespär vum Daach géif brennen.

Déi lokal Autoritéiten hunn dann och eng Warn-SMS erausgeschéckt. Hei dran ass ze liesen, datt et eben e Feier gëtt an d'Awunner gebiede sinn, fir d'Dieren an d'Fënsteren zouzeloossen.

© Screenshot

Och soll een d'Géigend, wou et brennt, evitéieren. Den ACL warnt, deen Ufanks nach vu Staugefor geschwat huet, huet géint 19 Auer matgedeelt, datt déi betraffe Strooss komplett gespaart wier. D'Police géif de Verkéier op der Plaz reegelen.

Back to Top
CIM LOGO