![]()
Mir genéissen nach de Sonnenopgang zu Southampton an huelen dann den Taxi op London Heathrow (1 Stonn) fir vun do aus zeréck op Lëtzebuerg ze fléien - e formidabelt Erliewnes um Waasser geet op ën Enn - daat muss een einfach eng Kéier materlieft hun!
![]()
Pilot-Schëffer begleeden d'QM2 an den Hafen vu Southampton - 1200 Leit klammen hei erof, 1200 kommen der neess bäi fir d'Rees op Hamburg unzetrieden, wou d'Schëff an 2 Deeg wäert ukommen.
![]()
24.7. 5.30: no 5 Deeg um Waasser: Land in Sicht! Ët freet een séch op een de Mal de Terre wäert kréien, wann een zu Southhampton wäert vum Schëff goën.
![]()
"Thank you for the music" sangen d'Sänger an d'Dänzer vun der QM2-Show nach als läschten Äddi - all Owend waren 2 Showen fir déi 2 Servicer. Déi Trupp bleift 6 Méint um Schëff, aner Muséker a Kënschtler wiessele regelméisseg.
![]()
23.7. 19.00: déi läscht Show op der QM2, virun der Arrivée zu Southhampton. Ë Violonist begeeschtert mat Klassiker am voll gefëllte Sall vum Royal Theatre.
![]()
Ët sin nët vill Leit op Deck, opwuel ët hannen um Schëff nach am wäermsten ass. D'Motoren vun der QM2 zéihen ë laange Schwanz an den Atlantik - iwregens: Iessensräschter a Fekalien gi gemuel an daarfen nach an d'Mier geschott gin.
![]()
Dee läschten Daag op Deck - ët ass zwar dréchen, mee ët huet ee besser séch gutt anzepaaken, well ët bléist ë starke Wand an d'Schëff huet 26 Kniet drop!
![]()
De Jörg Wontorra, DSF-Doppelpass-Moderator: "vun 1993 bis 1996 hun ech zu Lëtzebuerg fir de Frank Elstner geschafft an um Senningerbierg gewunnt. Duerfir läit mir ëppes un Äerem Land, mee eng grouss Fussballnatioun wäert ët wuel nie gin ;-)"
![]()
An der Disco G32 gëtt och Live-Musék gebueden, Kläng aus der Karibik - déi jonk Leit kréie vläicht nët grad daat aktuellst aus den Hitparaden gebueden.
![]()
G32 - daat war den éischte Code-Numm vun der QM2, wéi ët gebaut gouf - haut heescht den Night-Club nach esou - ë ganz futuristëschen Design.
![]()
Op der Queen Mary 2 gëtt vill gedanzt, all Stilrichtung ass vertrueden an ët kann een och verschidden Dänz léieren, duerfir ass eng professionnell Koppel mat u Bord.
![]()
An daat ass de Gewënnerhutt - de Sall huet hier eng Standing Ovation gemaach an d'Madame war "very amused"!
![]()
Very british: op engem Owend gin am Queens Court déi schéinsten Hitt gewielt - grad esou wéi bei de Päerdscoursen zu Ascot, an d'Englänner sin aus dem Heischen. Déi 2 mam Stréihutt hu séch viru 4 Deeg bestued - bei geschätzte 75 Joër.
![]()
Ee Beispill vun der Kachkonscht. Niewebäi bemierkt: op enger Transatlantikcroisière gin 1200 Kilo Homard, 10 Tonne Fësch an 12 Kilo Kaviar verschafft!
![]()
Um läschte Galadiner: den Défilé vun der Kichebrigade vun der QM2, déi ënner dem Impuls vun hierem Chef Jean-Marie Zimmermann formidabele Kascht opgedëscht hun!
![]()
Den Owend ass formell annoncéiert, daat heescht Smoking a laange Rack. De Beauty Center an de Coiffeur si voll besaat ;-)
![]()
De Bichereck ass eng roueg Oase um Schëff - hei héiert een ë Blad faalen an huet beim Liesen eng schéi Vue op den Atlantik.
![]()
D'Bibliothéik um 8. Stack - hei kritt een allerlee, virun allem englësch Bicher geléint. Hei kann een séch am Internet connectéieren: eng Stonn iwer Satellit kascht ronn 25 $. Telefonéieren iwer Satellit léist ee besser sin!
![]()
D'Vue vum Kapitän - 24 Stonnen op 24 gëtt iwerwaacht, op näischt "hënnert" - mat GPS a mat Kaart - wann Niwel ass muss regelméisseg getuut gin. Op eiser Traversée hu mer ausser ë puer Vullen an engem Frachter näischt begéint. Delphinen a Walen si rar.
![]()
D'Vue laanscht d'Schëff vun der Bréck eroof - mat sénge 4 Dieselmotoren an den 2 Gasturbinen kritt d'QM2 baal 30 Kniet (50km/h) drop. Duerch d'Stabilisateuren läit ët roueg um wibbelege Wasser.
![]()
De Commander Christopher Rynd op der "Bréck" - vun hei aus steiert hien de Megaliner. Virdru war hien op der QE2 a freet séch och elo schon op d'Queen Victoria am Dezember.
![]()
D'Commodore-Bar um 9. Stack, vir um Schëff. Hei huet een eng herrléch Vue op d'oppent Mier, wann nët grad zevill Niwwel ass, an daat ass um Atlantik relativ dacks de Fall.
![]()
T-Shirten, Kapen, Parfum, Vanilla Fudge asw, jo esouguer eng opgestoppte Kaatz fir 50 € - deen offiziellen T-Shirt vun der Croisière kascht 40 $.
![]()
De Cunard-Shop: hei gëtt ët allméiglech Souveniren mam Logo vun der QM2 an ën Harrod's-Shop - de Marketing fonctionnéiert an den Dollar rullt.
![]()
D'Bordphilosophie op der QM2 ass: "there is no NO"; héchstens "no problem". Wann een awer een Uleies huet, kann een daat am Purser's Office, der Receptioun, an allméigleche Sproochen ausdrécken.
![]()
Ee Pâtissier weist mer stolz ën Hochzäitskuch - jo, op der QM2 gëtt séch och bestued (ët gëtt duerfir eng Kapell) oder och ërem bestued - vill Koppelen gi séch um Schëff fir d'2. Kéier d'Jo-Wuert - romantësch, neh!
![]()
D'Pâtisserie op der QM2 fonctionnéiert 24 Stonnen op 24. D'Brout an d'Kaffiskichelcher gin u Bord gebaak, ët ass baal näischt déifgefruer.
![]()
Den Owend gëtt ët Canard Laqué. Honnerte vun Inten gi gebroden a verschnidden. De Chef mécht de Menü all Daag frësch a kuckt waat nach op Stock ass; d'Statistiken gin erausgezun, fir aner Croisièren ëmmer besser ze organiséieren.
![]()
D'Tomatenzopp gouf gekacht a gëtt elo agefëllt, duerno regeneréiert. De Buedem ass wéi geleckt - bei enger rezenter Hygienekontroll krut d'Queen Mary 2 houfreg 97 Punkten vu méiglechen 100!
![]()
Den Executive Chef Jean-Marie Zimmermann vu Stroossbuerg erklärt eis beim LCD-Schierm, wéi d'Commanden vun deenen 2500 Passagéier iwer Computer an d'Kichen erakommen - do ass Organisatioun gefroot - alles gëtt "à la minute" gekacht!
![]()
Op Besuch an der Kichen - ë Mega-Schëff brauch eng Mega-Plonge - hei gin all Daag Telleren vu 4000 Couvert'en gewäsch! Am ganze Food&Bevarage schaffen 450 Leit.
![]()
D'Jana (l.) an d'Jill Morbach hu séch fir de Captain's Dinner chic gemaach: "D'Schëff ass mega, d'Iessen ass genial, just fir jonk Leit ass allgeméng a virun allem owes nët genuch gebueden. Da schloofe mer alt moies bis 11.00 ;-)"
![]()
Äeren RTL-Reporter schweesst d'Kalorien vum gudden Iessen am Fitnesszenter neess eraus. Dobaussen ass vill Loft, mee soss kann een och op Deck 7 super joggen - een Tour ass +/- 500 Meter.
![]()
De Rony Broun ass fir d'Vermaartung vun de Cunard-Schëffer am Benelux zoustänneg: "mir hun am Joër ronn 300 Lëtzebuerger op der Queen Mary 2, waat immens vill ass!"
![]()
De Jörg Kachelmann am RTL-Interview: "Moien, wéi geet ët - ech muss dem Max emol soën, dass mir d'Wiederprevisiounen och fir 10 Deeg am Viraus solle maachen, esou wéi d'Preisen!"
![]()
Roulette, Black Jack, Slotmaschinen... vu moies bis owes scheppert ët um Schëff. Op Bingo, Bridge oder Casino - alles waat Gléck bréngt ass bei virun allem bei den eelere Leit immens populär.
![]()
De Jörg Kachelmann begeeschtert séng Nolauschterer am Royal Theatre, mat liicht verdauléchen a witzegen Erklärungen iwer Héich an Déif, Loftstréimungen a virwaat een d'Sonn am Summer um Atlantik nët vill gesäit.
![]()
D'QM2 huet hieren eegene Reesbüro, natierléch fir Cunard-Croisièren. An d'Passagéier sti Schlaang fir schon di nächst Rees ze buchen. Et gi Leit, déi hu gutt Zäit ;-)
![]()
Hermes, Chopard... you name it - vill bekannt Weltmarken an de Kleeder a Bijouen hun hier eege Boutique am Bauch vum Schëff. Ët kann een séch esouguer ë Smoking oder ë laange Rack léinen, well ët muss een den Dress Code respektéieren.
![]()
Um Schëff huet ee séng Bordkaart an déi ass zugläich Kreditkaart. An déi kënnt an d'Schweessen, well niewt de Geschäfter gin ët all Daag speziell Verkaafsmanifestatiounen mat Bijouen, Parfum... D'Fraën u Bord hu mer verroden, ët wier alles ganz gënschteg!
![]()
Wéi op all aner Croisièresschëff huet natierléch d'QM2 och säin eegene Casino - esoubaal d'Schëff ënnerwee ass, ka gegambelt gin a wee weess, vläicht bezillt een séch séng Croisière jo iwer dee Wee?!
![]()
Keen englëscht Schëff ouni säi Pub - hei gin ët Guiness Draft, mee natierléch och aner europäesch Béierzorten vum Faass - owes sangen séch d'Englänner beim Karaoke d'Long aus dem Leif!
![]()
D'Iessen ass alles anëscht ewéi typically british. Ët ass immens oofwiesslungsräich, ët huet een eng Menüskaart mat 6-7 Virschléi an den Entréen, Plat'en an Dessert'en an alles esou wéi dee Risotto mat Trüffelsjus hei: immens gutt!
![]()
De Benjamin Broun genéisst de Sonnenënnergang am Restaurant Britannia. Mat séngen 3 1/2 Joër as hien nët dee jéngsten um Schëff - dee kléngsten huet 15 Méint, deen eelsten gutt a gäer iwer 100!!!
![]()
Déi eenzeg Waff, déi um Schëff erlaabt ass: d'Waasserpistoul. Daat Kléngt hei ameséiert séch, fir déi Grouss ze sprëtzen, déi eeler Leit si guer nët "amused". Deen hënneschten Deel vum Schëff ass iwregens fir d'Famillgen mat Kanner reservéiert.
![]()
D'QM2 - ë Spaass fir grouss a kléng. Kanner vun engem bis 17 Joër gin optimal encadréiert.
![]()
D'Famill Morbach vu Réimech (4 vun 8 Lëtzebuerger um Schëff) ass begeeschtert! D'Susi, d'Jana, d'Jill an de Fern genéissen d'Sonn an engem vun deene ville waarme Whirlpoolen op der QM2 - herrléch!
![]()
D'QM2 vun hannen - verschidden Decker si just fir déi "besser Client'en" reservéiert. Op der QM2 gin ët wéi an de Fliigeren verschidde Klassen, a waat ee méi bezillt, huet een och méi Rechter (eege Piscine, Sonnendeck, Restaurant...)
![]()
Freideg 20.7.: ën herrléchen Daag op Séi, d'Mier ass roueg. Um Schëff baumelen d'Rettungsbooter, déi hoffentléch nie an den Asaatz kommen.
![]()
Och hien ass mat u Bord: den DSF-Doppelpass-Moderator Jörg Wontorra schwätzt iwer Sponsoring am Fussball - déi däitsch Passagéier lauschteren interesséiert no.
![]()
Stëmmung wéi an der West Side Story am groussen Theater: Erennerungen un d'Judy Garland vun enger ganz professioneller Trupp vum Showprogramm.
![]()
De Captain's Cocktail am Queens Court - déi 2460 Passagéier hu séch an dee beschte Schnëppel gehäit, fir de Captain ze begéinen (ët gëtt een him weg kéng Hand!). D'Tenue Correcte gëtt all Daag um Programm annoncéiert - ët sin 3 chic Owender.
![]()
D'Maquette vum Schëff, fir eng schéi Photo ze maachen. Apropos Photo: 80% vun de Photoen, déi u Bord vun de Schëffsphotografen geschoss gin, gi verkaaft. Erstaunléch bei 27 $ d'Stéck!
![]()
Schëffsschrauwen um Deck vun der QM2, déi weisen, wéi déck dee Stool ass, dee beim Schëff verschafft gouf.
![]()
Fir d'Kalorien oofzetrainéieren: niewt dem Laafparcours op Deck 7 (vill Loft) bitt de Fitnesszenter alles, waat's de brauchs, mat eegener Televisioun fir Velo, Crosstrainer a Laafband, allerdéngs nëmme mat 5 Programmer (mir sin um Mier)
![]()
Ee vun de Buffet'en op der QM2: d'Iessen ass vum feinsten, op amerikanesch, englesch, japanesch, franséisch oder italienesch - du kanns vu moies bis owes iessen, 7 Deeg op 7, 24 Stonnen op 24!
![]()
Donnëschdeg 19.7.: d'Sonn ass um Rendez-Vous an de Logo vun der QM2 blénkt an der Sonn. Ët bléist ë relativ staarke Wand, agreabel awer fir déi Leit, déi an der Sonn leien.
![]()
Um Atlantik kann ët och alt emol eng Kéier reenen, duerfir huet d'QM2 och eng iwerdeckte Schwämm, wou een den Daach kann opmaachen.
![]()
Do gëtt ët der mulmeg: eng Kaart, déi weist, dass d'QM2 just 60 Séimeilen laanscht déi Plaatz fiert, wou d'Titanic ënnergaang ass. Haut wier daat nët méi méiglech, d'QM2 ass technësch natierléch um allerläschte Stand.
![]()
Illuminations - de Planetarium op der QM2, deen eenzegen op engem Schëff. Hei kritt een impressionant Abléck an de Kosmos, mat däitschen oder englëschen Erklärungen.
![]()
Well mer d'QM2 nët vu vir photograféiert kruten, hei ë Poster vun deem Schëff, waat 2004 fir d'éischt gefuer ass.
![]()
Kaum ze gleewen: d'QM2 ass och eng Konschtgalerie, wou mëttes Biller an alle Präislagen vu méi oder manner bekannten Artisten versteet gin, an déi kritt de Keefer dann heemgeschéckt. Leeft gutt, kréie mer gesot!
![]()
Ee vu ville Promien op der QM2: de Wiederfräsch Jörg Kachelmann hällt Virtreeg fir déi iwer 800 däitschsproocheg Gäscht. Thema: d'Wieder natierléch!
![]()
Déi läscht Vue op d'Skyline vun New York - elo kréie mer 6 Deeg kee Land méi ze gesin! Ët reent, mee d'Wieder ass engem op esou engem Schëff egal, ët kritt een d'Zäit ëmmer gutt erëm!
![]()
Ganz edel: d'Entrée an de gastronomësche Restaurant Todd English - deen haat esou ee grousse Succès, dass d'Gäscht elo ë Supplément vun 20 $ musse bezuelen, fir hei z'iessen.
![]()
Ouni vill Tamtam (4 Leit wénken mat engem wäissen Nuechnappeg) fiert d'QM2 aus den Hafen vun NY - d'Coupe Schampes fir daat ze feieren kascht 12 $ - Veuve Cliquot weg!
![]()
De Canyon Ranch Spa - dee gréissten Indoor Wellness Beräich op engem Schëff, mat Sauna, türkischem Bad, Kreidersauna an enger Hellewull vu Whirlpoolen - genial fir z'entspaanen!
![]()
D'Lobby mat enger grousser Trap, wéi bei all groussen Traversées-Schëffer - allerdéngs haat den Architekt déi um 1. Plang vergiess :-) - dun huet en se missen nozeechnen (D'Schëff huet iwregens och misse wéinst Brécken méi nidreg gebaut gin, wéi geplangt)
![]()
D'Queen Mary 2 ass mat 345 Meter daat längst Passagéierschëff op der Welt (41 Meter breed, 74 Meter héich)
![]()
Mëttwoch, 18.7. - dee groussen Daag as do! Mir embarquéieren op Pier 11 op d'QM2 (hannendrun d'Fräiheetsstatue) - ët fisemt an ët as schmeier bei 30°
![]()
Dausende vu Luuchten um Times Square - a matzen tëscht de gielen Taxien kutschéieren Velosdatschaen Touristen duerch d'Staad.
![]()
Den Times Square by night - Kyoto, maach d'Aen zou!
![]()
De "Battery Park" - vun hei aus fiert eng gratis Fähr op Ellis Island bei d'Fräiheetsstatue
![]()
Eng vu villen originelle Figuren vun New York - ë Melting-Pot vun allen Zivilisatiounen!
![]()
En trauregt Bild: d'Skyline vun New York ouni d'Twin Towers vum World Trade Center
![]()
Ground 0 - de Chantier fir de Freedom Tower
![]()
New York - eng greng Staad, mat scheine, gemiitleche Plaatzen an am Hannergrond, deem hechste Gebei, zanter 9/11, dem Empire State Building
![]()
Och daat geheiert zum Staadbild vun New York - Postkaarten vu Kannerhand gemolt als Erennerung un 9/11
![]()
En Tempel fir all d'Frenn vu guddem Basket a rockeger Musek: de legendaeren Madison Square Garden
![]()
1 Euro = 1,37$ - genial Konditiounen fir ze shoppen, zum Beispill am greissten Akaafszenter op der Welt, bei Macy's.
![]()
De Big Apple: een eenzege Besch vu Plakater - den neien Harry Potter gett annonceiert.
![]()
New York Splash Tours: eng flott Nouveauteit zu NY, eng Staadvisite mat enger Bootstour iwer den Hudson River
![]()
Daat New Yorker Seechomesennascht: den Times Square, e Shoppingparadais, wou et engem kann dronke gin
![]()
Broadway - New York, 17.7.2007: virun der Transatlantikcroisiere ass de Broadway e Must!