18.11.2025
Dir sollt den Dag genéissen a mol nëmmen dat maache wou Dir Loscht drop hutt. Schount Iech einfach e bëssen.
de Schlof huet iech gutt gedoen. Dir start mat neier Energie an den Dag. Passt awer ob dass Dir net ze vill energesch gitt!
Dir kënnt a wësst nees alles besser. An esou triet Dir och op, Dir hutt d'Nues zimmlech héich an dat kann zu Spannungen féieren
Dir kënnt Iech fir näischt begeeschteren an den Dag vergeet, ouni dass eppes geschitt. Loosst Iech dreiwen a maacht lues.
Dir musst lëften, raumen a virun allem fir Kloerheet suergen. Maacht d'Aen zou a loosst d'Gedanken zou wéi se kommen.
Dir gitt an Ärer Fantasie ënner. Dir sidd guer net bei der Saach an ditt Iech mam Alldag schwéier. Eenzeg d'Kreativitéit ass top.
Dir musst haut oppassen dass Dir den Eescht vun der Situatioun net verkennt. Gidd also léiwer méi virsiichteg duerch den Dag.
Dir kritt eng wichteg Informatioun déi op alle Fall eppes bedeit. Haalt also d'Aen an d'Ouere grouss op.
Dir brauch haut eng ausgeglachen a roueg Atmosphär. Déi bescht Leeschtunge weist Dir, wann Dir Iech an Ärem Ëmfeld och wuel fillt.
Dir reagéiert vill méi impulsiv wéi soss. Op der Aarbecht sollt Dir drop Uecht ginn an Iech net méi staark maache wéi Dir wierklech sidd.
Dir sidd haut duebel sou kreativ an dat verstäerkt Är Fantasie an Är gutt Laun. Och am tëschemënschleche Beräich erwaart Iech e schéinen an harmoneschen Dag.
Gutt Manéiere sinn wichteg. Är zimmlech perfekt Ëmgangsformen hëllefen Iech haut fir am Beruff weiderzekommen.