![]()
"Alles hat ein Ende..." - eng schéi kuerz Rees geet op ën Enn, mam spéide Vol vun der Luxair geet ët neess heem. Deen erlaabt och ë flotten Dagesausflug op Potsdam - nëmmen ze recommandéieren!
![]()
De Flughafen Tegel - 2011 gëtt ët dee grad esou nët méi wéi Berlin-Tempelhof. Béid gin dann duerch de BBI zu Berlin-Schönefeld ersaat.
![]()
Daat hei war d'Haus vum Chef vun der Kolonie - haut ass ët ë Restaurant mat russësche Spezialitéiten.
![]()
D'Heiser an der Kolonie si vun engem Italiener gebaut - also nët ganz originalgetrei - hei am Musée kritt een daat alles erklärt, eng geféiert Visite kann awer ë bësse laang sin!
![]()
Vum Belvedere spazéiere mer neess erof eng 700 Meter an déi russësch Kolonie Alexandrowka, déi hier eegen orthodox Kierch huet. Erënnert ë bëssen un déi zu Tallinn.
![]()
Uewenop gëtt een da fir säi Schweess no 20 Meter Trepplécken belount: eng herrléch Vue op d'Havelséien an am Hannergrond de Fernsehtuerm um Alexanderplatz zu Berlin.
![]()
D'Wendeltraap déi erop féiert, fonctionnéiert mat roude Luuchten. Ët ass esou enk, soss kënnt een nët laanschteneen!
![]()
Uewen am Tuerm gin ëmmer méi Hochzäiten organiséiert - bis Mee 2008 sin se schon ausgebucht - ët huet een eng herrléch Vue bis op Berlin!
![]()
Mir klooteren duerch den Neuen Garten op deen eenzege Postdamer "Bierg" - op de Pfingstberg - 75 Meter héich ;-) Hei gouf de Belvedere schéi restauréiert!
![]()
Zu Fouss geet ët weider duerch dee fréiere russësche Véierel - an dësem Gebei war de KGB mat séngem Prisong. Zoufall: och haut ass nach ëmmer ën Zonk ronderëm - fréier waaren ët 3 Maueren an ë Stacheldroot.
![]()
Den Cecilienhof ass och Hotel a Restaurant - ë super Kader mat vill Geschicht, direkt um Waasser. Vläicht ë besse vill Touristen an der Héichsaison.
![]()
Am Schlasspark erënnert ee grousse roude Stär un déi rout Arméi. Déi 3 Weltmuechten haate jiddereng hier eegen Entrée an hier eege Reim am Schlass. Ët gouf jo iwer déi nei Grenzen vun Europa, iwer d'Nokrichsdäitschland a Polen diskutéiert.
![]()
Den Cecilienhof - hei war vum 17.7. bis den 2.8.1945 déi berühmt Potsdamer Konferenz mat Churchill, Stalin an Truman. Hei krut den Truman och den Atombommen-Telegramm "The Baby is born" an huet decidéiert Hiroshima an Nagasaki ze bombardéieren.
![]()
Den HOT, den Hans-Otto-Theater, inspiréiert u Sidney.
![]()
D'Meierei niewt dem Cecilienhof - haut eng Brauerei mat enger flotter Terrasse.
![]()
Moies huet een op deene Schëffer gutt Plaatz, opwuel Haaptsaison ass - ë Geheimtip also: fréi opstoën!
![]()
D'Heilandskirche Sacrow - ët kann een och mam Kanu iwer de Jungfernséi fueren. Dee krut säin Numm vun Nonnen, déi séch do dran d'Liewe geholl hun, well se Angscht haaten vun de Litauer vergewaltegt ze gin...
![]()
Symbolësch - grad, wou mer ënner der Bréck erduerch fueren, kënnt d'Schëff vun der Waasserpolice. Iwregens: bis an d'Mëtt huet d'Agentebréck zwou Faarwen - Ost a West waren séch och doran nët eens!
![]()
Mir fueren ënnert der Glienicker Brücke erduerch - zu DDR-Zäiten war daat d'Grenzbréck mat Westberlin. Hei goufen Agenten an Zaldoten ausgetosch, waat jo dacks verfilmt gouf.
![]()
Um Bord vun der Havel: deen eenzegen Aldi mat engem Schëff- a Bootparking!
![]()
D'Schëff spigelt séch am Sonnebrëll - dee brauch een, well d'Sonn dréckt fatzeg uewen um Deck! Do kann een eng Berliner Weisse drénken, mat engem Schoss gréngen oder roudem Jus.
![]()
Summer, Sonn, Palmen, Strand - an daat an Nordost-Däitschland, wou ët soss iwerall reent! Am Hannergrond: Iwerreschter vum fréiere Potsdamer Staadschlass.
![]()
9.8.2007 - 10.00 ...zeréck zu Potsdam maache mer eng Schëffstour vun 1 1/2 Stonn iwer d'Havel - eng Schlässerrondrees mat der wäisser Flott - nach ëmmer herrlécht Wieder!
![]()
De Resort ass ideal fir een deen Erhuelung beim Waasser sicht - déi Appartementer fir bis zu 4 Leit gin ët scho vun 154€ un, pro Nuecht mam Kaffi! www.resort-schwielowsee.de
![]()
Mir sin neess zeréck am Resort Schwielowsee, wou jo och de G8 vun de Finanzministere war. Hei kann een och an deene flotten Appartementsheiser mat privater Sauna logéieren, grad esou wéi de Peer Steinbrück fir "Germany".
![]()
De Patron gëtt eis houfreg säi Béier a säi Whisky ze schmaachen - dee kënnt aus Sauvignonsfässer an ass ganz douce. Eng weider Spezialitéit: den Aprikoseschnaps, excellent! www.spreewaldhotel.com
![]()
Ë Bléck an d'Hausbrauerei an där hellen an donkle Béier produzéiert gëtt. Am Restaurant gin ët Fësch a Weldspezialitéiten. Den Hotel huet 25 Zëmmer.
![]()
Plagenambiance, baal esou wéi zu Esch oder Dikréch, herrlécht Wieder an hei gin dann och Rëtsch vun Duerffester gefeiert. Ronderëm fléie Storchen an an der Wis stin traditionnell Heekéip.
![]()
Bannendra si Concert'en, Theater oder ët gëtt séch och alt emol an deem romantësche Kader bestued.
![]()
Daat ass ë Weidendom - eng architektonësch Naturkonstruktioun, vun engem Schwäizer entworf, déi ëmmer méi opkënnt fir Manifestatiounen.
![]()
Weider geet ët an d'Brauerei a Brennerei "Zum grünen Strand an der Spree" zu Schlepzig. Ën herrléche Kader, ewéi an engem Ecomusée.
![]()
Déi baussenzécht Schwämm huet 35° - daat salzhaltegt Waasser gëtt aus 1100 Meter Déift eropgepompelt an ass déi grouss Attraktioun an der Emgéigend. Eng 800 Leit komme pro Daag. Flotte Fitnesscenter a Saunaberäich. www.spreewald-therme.de
![]()
Mam Velo - nëmmen ze recommandéiere fir 8 Euro 50 an der Radler Scheune ze lounen fir een Daag - fuere mer gemiitléch (et gi keng Bierger an der Lausitz) an d'Spreewald Therme. Dat ass ee Solebad mat Wellnessinfrastrukturen.
![]()
E Bléck op déi schéi bannenzéch Schwämm am mediterrane Stil - déi meescht Leit sin an der baussenzéchter Schwämm, ët ass schmeier!
![]()
Dee wonnerschéine Wellnessberäich - viru kuerzem gouf den Hotel Zur Bleiche als beschte Wellnesshotel an Däitschland ausgezeechent. www.hotel-zur-bleiche.com
![]()
Eng Suite fir bis zu 4 Leit - 1080 Euro pro Nuecht - "man gönnt sich ja sonst nichts", duerfir awer mat privater Sauna an Dampbad!
![]()
D'Rezeptioun vun deem schéinen Hotel, an deem och schon den FC Bayern München ën Trainingslager oofgehaal huet. Doniewt vill aner Prominenz, déi séch och schon hei bestued huet.
![]()
Mëttespaus - mir léen un am Hotel "Zur Bleiche Resort & Spa". An der Bar ass ët schwéier fir séch fir een Aperitif ze entscheeden...
![]()
Eng vun ë sëlléche Schleisen. Studenten bedreiwen déi am Summer, fir séch esou ë puer Su ze verdéngen. Alles geet schéi gemiitléch erof.
![]()
Um Bord vun der Baach gi Cornichon'en an all hiere Formen ugebueden. Den Tourismus ass deen éischte Wirtschaftsfacteur an der Lausitz. Cornichongen hun hei deen ideale Buedem a Klima - déi Géigend ass déi wäermst an Däitschland!
![]()
Mir komme laanscht romantësch, landestypësch Heiser. Kaweechelcher klammen d'Beem erop. Du méngs hei wieren d'Auere stoë bliw. Déi polnësch Grenz ass vun hei eng 70km ewéch.
![]()
D'Paddel mat deem d'Boot gesteiert gëtt, huet ënnen en Eisen, fir am Sand besser ze gräifen. Owes wëssen d'Chauffeuren waat ze gemaach hun. Si fuere 6 Méint am Joër, am Wanter maachen se och emol Glühwäintouren.
![]()
Niewt de Booter kann een och mam Kajak oder Kanu iwer d'Nieweflëss vun der Spree fueren. Ët ass herrléch roueg, ideal fir ze entspaanen an d'Natur ze genéissen.
![]()
Um Boot gëtt ët d'Spezialitéit vum Spreewald: Cornichongen, séiss a sauer. Ët huet ee besser, ët sprayt een séch géint Mécken. Iwer daat proppert Waasser fléie Libellen, am Waasser all Séissfësch ausser Frellen.
![]()
Eise "Gondolieri" ass nët egal wien: de fréiere Velo-Weltmeeschter am 4er op der Bunn, den Dirk Meier, féiert eis duerch Wisen a Felder. Esou eng Bootstour kascht 3 Euro pro Stonn. Normalerweis bucht een 2 oder 5 Stonnen mat Iessen.
![]()
Aus der Touristinformatioun gi mer an de Spreehafen zu Burg, wou mer ën Tour mam Boot duerch de Spreewald maachen. Deen ass zanter 1991 Unesco-Biosphärereservat.
![]()
Brout a Salz - zwee liewenswichteg Liewensmëttel heeschen eis welkom. Schmaacht, mee ët mécht nach méi duuschtereg bei 30°. Fir ze läschen gëtt ët Johannisbeerliqueur oder ë Kreiderschnaps ;-)
![]()
8.8.2007 Vu Potsdam aus maache mer ën Ausflug an de Spreewald - eng 120km südöstléch a Richtung Cottbus. Mir gin a slawëscher Truecht begréisst.
![]()
Antipasti misto - gesäit nët nëmme gutt aus, ass ët och!
![]()
De Restaurant Ernest gehéiert zum Resort Schwielowsee - um Ufer kann een herrléch Fëschspezialitéiten genéissen - eenzegen Nodeel: ët soll ee séch am Beschten vu Kapp bis Fouss mat Autan areiwen, wéinst den 1000e Mécken!
![]()
Ë Poster - digital Photoen sin awer ëppes Schéines bei Sonnenënnergang ;-)
![]()
Nach ee romantëscht Beispill: eng Koppel fiert Kanu um Séi.
![]()
Lues a lues geet d'Sonn ënner a liwwert vum Schëff aus herrléch Faarwespiller.
![]()
Fueren kann een och selwer - fir dës Gefierer iwer 50 PS brauch een allerdéngs de Bootsführerschäin - fir d'Souvenirsphoto mécht de Kapitän och emol eng Ausnahm. Eng Stonn kascht hei 70 Euro mam Bensin. Bis op Berlin-Mitte brauch ee 4 Stonnen.
![]()
Mir fueren mat dësem Pontonboot op eng Prosecco-Tour iwer de Séi - 6 bis 8 Leit hun hei Plaatz.
![]()
D'Marina virum Hotel - hei kann ee Booter lounen fir 25 Euro d'Stonn - ët daarf ee maximal mat 25km/h fueren an ët schwëmmt ee besser nët am Séi, an deem vill Fësch sin - fëschen kann ee mat Permis.
![]()
D'Temperaturen fir di nächst Deeg si summerléch annoncéiert - owes dubbert ët allerdéngs!
![]()
Am Parc vum Resort Schwielowsee - eng Statue vum bekannten Dichter Theodor Fontane
![]()
An dësen Heiser war de G8 vun de Finanzministeren viru kuerzem logéiert. All Haus huet den Numm vum jeweilege Land behaal. Kann een och lounen, zu 2 an 2 - d'Sauna muss een deelen.
![]()
D'Haapthotelsgebei vun hannen: de Resort huet 156 komfortabel Zëmmer am amerikanëschen an am karibësche Stil, mat enger authentëscher Havana-Bar. Den Hotel gehéiert engem Privatmann, deen daat selwécht elo op Cuba wëll bauen.
![]()
Eng Oldtimer-Tour gefälleg - daat schéint Gefier waart virun der Dier!
![]()
A weider geet ët: 20 km südléch un de Schwielowsee - hei schloofe mer am komfortabele Resort Schwielowsee a relaxen an der Piscine (bannen a baussen). Deen neien Hotel mat Appartementsheiser gouf virun 2 Joër fäerdeg a läit direkt um Séi.
![]()
An der Scheier vum Krongut gëtt excellente Béier gebraut - hei sëtzt alt och emol de Wolfgang Joop bei Kaffi a Kuch, séng Mamm wunnt hei an der Géigend.
![]()
Den 3.11.2004 war d'Queen Elisabeth II. very amused fir de Site kennen ze léieren, wou hier Ur-Ur-Bomi Victoria vill Summeren verbruecht huet.
![]()
Eis Rees féiert eis nördléch vum Schlass Sanssouci an d'Krongut Bornstedt - dëst gouf virun ë puer Joëren restauréiert. D'Toskana-Ambiance lued an fir allerlee Eventer, vu Moud bis Incentive. Handwierker bidden hier Produkter an de Boutiquen ronderëm un.
![]()
Hei läit de Friedrich dee Grousse begruewen, niewt séngen Hënn. D'Leit léen him Gromperen op d'Graaf, well hien déi deemols agefouert huet. Am Parc gin nach haut Drauwen a Figuen ugebaut.
![]()
Sans souci - de Friedrich dee Groussen war frou mam Franséischen - hien huet just mam Personal a mat den Zaldoten däitsch geschwaat. Zu sénger Zäit haat hien 300 Gärtner fir de Park, haut sin ët der 50.
![]()
D'Summerresidenz vum Friedrich deem Groussen, gebaut an nëmmen 2 Joër vu 1745 bis 1747. Kann een a klénge Gruppen besichen, d'Schlass huet nëmmen 12, awer schéin Zëmmeren. kéng Photo a keen Handy! Ët kritt een Audioguiden.
![]()
Mir sin am Parc Sanssouci, där Touristenattraktioun schlechthin. Hei ën Niewegebei - Brandenburg huet iwer 500 Schlässer an Härenheiser! Potsdam steet zanter 1990 ënnert dem Parrainage vun der Unesco.
![]()
Flott fir eng Stadvisite: de Velotaxi, hei virum Brandenburger Tor. Ët kann ee maximal zu 2 fueren, fir 8 Euro d'Stonn pro Persoun. Biergop kritt de Chauffeur ët schwéier, well den Akkumotor nët genuch hëlleft. Da klëmmt een eraus a spéider neess eran ;-)
![]()
Vum ville Spazéieren gëtt een hongereg: eng excellent Adress: de Restaurant Juliette an der Jägerallee mat enger exotësch-franséischer Fusiounskichen. De Maître d'hotel ass aus der Bretagne.
![]()
Déi agreabel Foussgängerzone mat am Hannergrond dem Potsdamer Brandenburger Tor, waat 20 Joër méi aal ass, wéi daat Berliner, duerfir awer vill méi kléng.
![]()
Ee vun deene sëllechen Häff - niewt dem fréiere Fabrik-Schaachtéch zwou nei faarweg Residenzen. Ët sollten der nach 2 an ë Parkhaus gebaut gin, mee de Promoteur haat kéng Suë méi. Duerfir ass d'Plaatz elo ë Geheimtip fir gratis ze parken!
![]()
Am Haff vum Musée: Kolonnen vum aale Stadhaus, déi bei der Bundesgartenschau 2001 fir d'éischt gewise goufen.
![]()
Ët lount séch zu Potsdam de Kapp ze hiewen - ë schéinen Décor iwer dem Brandenburger Musée.
![]()
Am aale Rathaus war fréier de Prisong vu Potsdam - vun uewen haaten d'Prisonéier eng schéi Vue - och op de Wunnquartier vis-à-vis (deemols goufen ët nach kéng Rideau'en ;-)
![]()
Kontrastprogramm 2. Deel: déi aal Nicolai-Kierch um alten Markt gëtt no an no renovéiert - niewendrun eng architektonësch Plattebau-Konstruktioun aus de 70er, déi deemols ën Architektur-Präis krut. Déi eng wëllen se oofrappen, déi aner wëllen se haalen.
![]()
Ë grousse Chantier um "alten Markt" hei sin Ausgruewungen vum historëschen aale Stadschlass, waat neess bis 2011 opgebaut soll gin. D'Stadparlament vu Potsdam soll dann drakommen.
![]()
Eng Réplique vun enger Bréifkëscht aus der Keeserzäit, déi haut nach opgehuewe gëtt. Si huet esouguer dee roude Punkt, well heeschen, si gëtt méi dacks eidel gemaach.
![]()
Dëst Eckhaus gehéiert dem Günter Jauch, deen séch aktiv fir d'Erhaalung vum historësche Patrimoine vu Potsdam asetzt.
![]()
Daat Schëld "Die Kirche ist offen" fënd een iwerall bei de Kierchen. Daat ass nämléch kéng Selbstverständléchkeet - ët hu séch Fräiwëlleger bei der meeschtens evangelischer Kierch gemeld, fir daagsiwer op d'Kierchen opzepassen.
![]()
Wou war deen nët? Op engem Rokoko-Haus entdecke mer ë Scheld, waat un den Openthalt vum Wolfgang Amadeus Mozart erënnert. Deen ass an der Welt erëmkomm!
![]()
Aal an nei - Graffitikonscht an d'Peter und Paul Kierch hannendrun, Potsdam, grad esou wéi Berlin ass voll vun esou "architektonësche" Kontraster.
![]()
"Der fliegende Holländer" - ë bekannte Bistro. Ët gin och nach eng hollännësch Boutique an eng Backerei. Chrëschdag ass hei och ee romantëschen, authentësche Chrëschtmaart. Ët ass dee gréissten hollännësche Véierel ausserhalb vun Holland.
![]()
D'Heiser am hollännesche Véierel sin op Péil gebaut - den Ënnergrond ass ë Mouer. D'Gebeier goufen no an no sanéiert an hei fënd een elo attraktiv Boutiquen an Handwierker.
![]()
Den Tram fiert duerch d'Nauener Tor, eng vun de fréiere Stadpaarten vu Potsdam. Op den Terrassen ronderëm kann een herrléch Kaffi drénken.
![]()
No enger Stonn si mer am hollännësche Véierel zu Postdam, südwestléch vu Berlin. Hei direkt ee Bezuch zu Lëtzebuerg: an desem Geschäft huet den Hauptmann von Köpenick séng Uniform kaaf - hien ass jo um Nikloskierfecht begruewen.
![]()
7.8.2007 7h50 - den Eurojet vun der Luxair land punktléch no enger Stonn Vol zu Berlin Tegel - herrlécht Wieder, schon 20° - fir den Nomëtteg gin der iwer 30° gemeld! D'Dagesrandverbindung erlaabt ë flotten Daytrip op Berlin oder Potsdam.