Nationalfeierdag: Déi soss verstoppte Säit oder: Wat een Dreck!
Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Gefeiert gëtt nom Virowend vun Nationalfeierdag bis spéit an d'Nuecht. Ma während déi lescht Nuetseilen sech sou lues op de Wee heem maachen, mécht d'Stad sech scho prett fir déi offiziell Zeremonie um Moien. Um hallwer 9 - sou gesäit den offizielle Protokoll et vir - mussen déi ëffentlech Plaze picco bello sinn.
Vun 5 Auer u sinn eng 40 Leit vum Service Hygiène vun der Stater Gemeng am Asaz, et gëtt gekiert, geraumt, gewäsch. Net just eidel Becheren, Glieser a Fläschen mussen ewechgeraumt ginn, mä op den Trottoiren ass ee richteg pechege Schmorri, deen ofgewäsch muss ginn, ier d'Autoritéiten sech op de Wee an den Te Deum maachen.
Dass dat heiansdo eng knapp Saach gëtt, dovu konnt sech d'Dany Thielen um fréie Samschdegmoien e Bild maachen - well des Öfteren mussen d'Nuetseilen als éischt emol nach dovun iwwerzeegt ginn, sech op de Wee ze maachen, fir dass Plaz ass, fir ze raumen.