![]()
All Rees geet eng Kéier op en Enn - eis och, wann Dir Iech och fir d'Portes du Soleil an Les 4 vallées am schwäizer Wallis interesséiert, hei eng gutt Adresse: www.myswitzerland.com
![]()
An an der Schwäiz ass d'Après-Ski-Offer mëttlerweil och gewuess. An der Zeltbar genéisse mer ë Vin Chaud bei herrléchem Panorama - d'Bar gehéiert engem Belsch an aus de Boxen kënnt international Stëmmungsmusék. Ët sin och ëmmer méi Russen zu Nendaz.
![]()
Mat dëser Gondel kann een an den Nopeschdall an daat mondänt Verbier erof (40.000 Better am Wanter).
![]()
Gedenkplatten erënneren un déi, déi d'Biergbunn um Mont Fort gebaut hun - den Dédé gehéiert och zu deenen. Niewt séngem Job als Skimoniteur war hie fréier Steemetzer.
![]()
En anere bekannte Bierg an der Mëtt: d'Matterhorn (Cervin).
![]()
Eise Guide, den Dédé Baeriswyl, 60 Joër an top a Form mat Titangelenker, weist eis an der Biergketten den Dräilännereck Schwäiz, Italien, Frankräich um Horizont.
![]()
Verschiddener kraxelen op deen héchste Punkt vum Mont Fort fir nach eng besser Panorama-Vue an eng Souvenirs-Photo beim Kräiz ze schéissen a rutschen duerno neess um Hënnëschten erof.
![]()
Panneauen weisen drop hin, dass ee séch besser 2mol soll iwerléen, hei erof ze fueren. Den Helikopter ass dee ganzen Daag ënnerwee...
![]()
Hei een Androck, wéi d'Skifuerer erofkraxelen, ier se dann déi géi Descente an Ugrëff huelen. Verschiddener maachen och d'Kéier a fueren neess mat der Gondel eroof.
![]()
Mir sin um héchste Punkt vun de "4 Vallées", dem Mont Fort op 3330 Meter. Hie gehéiert zu Nandaz a vun do geet eng schwarz Wand neess erof, mat Bockelpisten à gogo!
![]()
Dee Badetti an der Mëtt: deen héchste Bierg an Europa, de Mont Blanc.
![]()
A bei deene perfekte Konditiounen kann een no lénks op Veysonnaz eroof fueren, oder no rechts a Richtung Verbier. Dee ganzen Domaine "Les 4 Vallées" packt een och als gudde Skifuerer nët an engem Daag.
![]()
Uewen um Tracouret op 2200 Meter ass um 9.30 moies schon 1 Grad plus an eng herrléch Vue - Sonnecrème ass bestëmmt nët vu Mutwell, d'Sonn dréckt scho schéin.
![]()
24.1.2008: ën herrléchen Dag: bloën Himmel a Sonn iwer Bierg an Dall. Zu Nandaz, matzen am Duerf, huele mer d'Gondel fir op de Bierg. De Skipass ass mat 35 € den Daag bei 450km Skigebidd ganz sozial!
![]()
Eise Guide, den Dédé, fiddert eis aus der Arméiskichen mat Macaroni mat Haam, roudem Wäin aus der Regioun an Téi mat Mëlléch. Genee daat Richtegt fir duerno iwer d'Skipist mam Schlitt neess zeréck an den Dall ze blosen.
![]()
Uewen um Bierg ukomm, gëtt ë Lagerfeier gemaach, ën Aprikose-Schnaps gedronk an ë Schnéibob bréngt d'Iessen erop.
![]()
Daat mécht immens vill Spaass, ass gutt fir d'Conditioun an ët gëtt ee mat esou enge Vuen belount - herrléch!
![]()
Et gëtt geschwënn däischter a mir din d'Schnéischong un fir en Trapper-Ausflug iwer Stack a Steen an duerch de Bësch.
![]()
Mee virdrun gi mer nach ë puer Chalet'en an Appartementer vun Interhome kucken. Hei e 5-Stäre-Beispill: super! Mee an der Haaptsaison kascht esou ee Bijou fir 6-8 Persounen och 4000 CHF, also eng 2500 €!
![]()
Mir daarfen dann och eng Kéier déck Baake maachen a kuck do: ët kënnt esouguer en Toun eraus!! Mir spillen awer nët laang, well d'Wieder soll jo schéi bleiwen, fir dass mer muer kënne Ski fuere goën.
![]()
D'Holz ass liicht ze verschaffen, mee d'Produktioun verlaangt vill Handaarbécht. D'Stécker gi gepecht, geschnetzt a mat Aluminiums-Zylinderen zesummegesaat.
![]()
Fréier huet den Hiert mam Cor séng Kéih zesummegeruff oder eng Gefoer gouf domat vun Dall zu Dall kolportéiert. Haut gin ët Concert'en a Musékskompetitiounen. De Cor gëtt aus enger Dänn gemaach, déi 6 Joër gedréchent gouf.
![]()
De François Morisod ass ee vu 5 Alpenhar-Bauer an der Schwäiz. Fir ee Cor aus 3 Deeler brauch hien 2 Wochen, hie mécht der 25 am Joër a si kaschten eng 2500 € d'Stéck. Cor spillen ass neess vill méi in.
![]()
Mir maachen en Ausflug an eng Millen, an där mir mat der Musék vum "Cor des Alpes" empfaang gin. Duerch d'Waasser aus de "Bisses", de Waasserkaneel, waren an dëser Regioun vum Valais fréier vill Millen, déi Miel gemuel hun.
![]()
Nandaz huet säi Cachet als Skistatioun nach behaal - opwuel vill Chalet'en an Heiser gebaut gin, esou hun déi streng Reglementer derfir gesuergt, dass d'Holz weider dominéiert.
![]()
De Bus bréngt eis an enger halwer Stonn an d'Bierger op 1200 Meter - zu Nandaz kommen d'Gondelen déi een an den Domaine "Les 4 Vallées" bréngen matzen am Duerf eraus. Vun hei aus geet ët direkt op 2200 Meter.
![]()
Zu Sion ukomm huele mer de Bus fir op Nandaz a gi mat dësem herrléche Panorama verwinnt - d'Buerg vu Sion an der Sonn vun den Alpen.
![]()
Déi belsch Journalistekollegen notzen déi Zäit fir d'Gratiszeitungen "20 Minutes" a "Le matin bleu" ze liesen, Zeitungen déi bei eis d'Sortie vum "L'essentiel" inspiréiert hun.
![]()
An der Gare zu Aigle ën ongewinnt Bild bei der schwäizer Pünktlechkeet: den Zuch fir op Sion huet 4 Minutten Verspéidung ;-)
![]()
"Il est 7 heures, Torgon s'éveille" - en herrléche Sonnenopgang virun der impressionannter Biergkuliss. Mam Postbus geet ët elo weider op Aigle (eng hallef Stonn).
![]()
Eng Photo, déi d'Vitesse vun dësen Ausnahmeathleten mat intakter Pompel beleed! Eng haard Disziplin, bei där allerdéngs nët vill verdéngt ass!
![]()
Départ - lass! Eng 100 "Verreckter" rennen den Hank erop, huelen déi 2. haut vun de 730 Gramm-Ski erof, rennen den Hank erof an dann neess erop - de Weltmeeschter Blanc ass och um Départ!
![]()
A weider geet ët op eng Course am "Ski Alpinisme" - eng Disziplin, an där séch duerchtrainéiert Skileefer eng "Haut" (fréier eng vun engem Séihond) iwer de Ski zéihen fir de Biergop ze laafen.
![]()
Hei d'Resultat: eng "Assiette Valaisanne" mat Haam, Speck, Zoossiss, gedréchentem Rëndfleesch a Kéis vun Torgon.
![]()
An dozou gehéieren Spezialitéiten aus der Regioun, ewéi Kéis a Charcuterie, ganz reng geschnitt.
![]()
De Valais - daat sin och 100e vu verschiddene gudde Wäiner, déi bei eis nët esou bekannt sin, well se bal nët exportéiert gin. Als Beispill: Cornarin, Arvigne, Heida asw...
![]()
Vu Morgins aus kann een op Chatel a Super-Chatel a Frankräich fueren, niewt méi bekannten Destinatiounen ewéi Morzine an Avoriaz. Et muss ee just moies säi Plang maachen, fir owes mat Zäit erëm ze sin.
![]()
De Peter Mutton (Suisse Tourisme vu Bréissel) mat belsche Reesjournalisten am "Schnéistuerm" - Hardcore-Skifuerer kann näischt vun hierem Lieblingssport oofhaalen!
![]()
De Raphael Granger, Tourismus-Direkter vum Chablais, schwärmt: "Hei an de Portes du Soleil hu mir iwer 650 km Skipisten fir all Niveau, daat gréisst internationalt Skigebidd an Europa!"
![]()
De Chef Sébastien Tydtgat hat d'Iddi fir dësen Eintopf mat Hëllef vu Sténg, déi daat Ganzt zerdrécken, awer kee Goût gin, an enger grousser Marmite ze kachen - eng "potion magique" fir de Skifuerer!
![]()
An hei entdecke mer d"'Soupe aux caillous" - eng defteg Zopp mat Geméis, Speck, Haam a Mettwurscht.
![]()
Op der Pist gesäit ët esou aus - Schnéireen a Schnéi suergen derfir, dass een nët vill gesäit - duerfir gëtt emol eng Paus am Chalet Neuf gemaach.
![]()
Op de Bussen gesäit een de Stellewäert vum Kampf vun de Kéih am Wallis - daat ass hieren Nationalsport, obwuel d'Schwäiz dëst Joër d'Fussball-EM organiséiert. Daat hei ass eng Fro vun der Eier, nët vum Geld!
![]()
22.2.2008, 9h15:...do wou ee gäer Ski fiert, muss et och schneien! Zu Morgins ass den Himmel zou an dat sollt och de ganzen Daag esou bleiwen - an nawell bleift d'Kierch am Duerf ;-)
![]()
...an duerno hëllt den Albert eis mat an de Stall bei séng "Kanner". Kéih vun der Race vun den Hérens. Hien trainéiert se fir déi nächst Kinnékskämpf. Séng Bescht, d"'Souris", ass opgestoppt am Musée an hie kritt nach haut Tréinen an d'Aen.
![]()
Mir stoussen un mat engem Vin chaud a mat engem Holdrioo, engem héichprozentege Prommepunsch.
![]()
De Patron zervéiert eis gedréchent Fleesch, Zoosiss a Speck an 3-Joër-aale gedréchente Kéis, deen hie selwer produzéiert. Seng Kéih sin net ugemeld, duerfir freet hien awer och keng Subventiounen a lieft vum Kascht fir d'Touristen.
![]()
Am Alpage Vieux-They empfänken eis Biller an Trophéen vun de Reines des Reines, traditionnell, muskléiert Kompetiounen an deene Kéih hier Kinnegin kréinen.
![]()
Um Enn vun eiser Route ë verloossene Bauerenhaff (Alpage), an deem eng Kouh bei Vollmound (daat dreift) am gaang ass ze kalwen.
![]()
Fir Appetit ze kréien spazéiere mer eng 6km duerch de Bësch - ë molerësche Wee laanscht eng ganz eisenhalteg Baach, déi fréier fir Therapien genotzt gouf.
![]()
Den Himmel iwer dem Hotel ass nach blo - fir muer (22.1.08) annonceieren se awer neie Schnéi - bei dee sëlléchen dee scho läit.
![]()
Mir maache Statioun am ganz uregen Hotel Beausite zu Morgins - en einfacht a präisgënschtegt Haus mat excellenter Kichen a Chaletscharakter.
![]()
Mat der Swiss op Zürich a vun do mam Zuch iwer Bern, Visp a Montigny op Monthey. Hei stécht eis direkt de Jumelage mat Dikréch an d'Aen - ët fillt een séch scho wéi doheem!