Ënnert anerem d'Tessy Scholtes hat op esou en Exemplar zréck gegraff.
Och déi hollännesch Kinnigin Beatrix hat sech e ganz riichte Kappschmuck ausgesicht.
Ma d'Fascinators waren och ganz präsent um rouden Teppech. Souwuel d'Kinnigin Silvia vu Schweden,
wéi och d'Caroline vu Monaco haten op esou e Modell zréckgegraff.
Fascinators sinn den Ament besonnesch beléift an et kritt een se och an alle Gréisste, Faarwen a Formen.Bei Ascot sinn se wéinst de strengen Dress-Code reegelen awer net méi toleréiert!
En Trend dee sech wahrscheinlech duerch déi britesch Duchesse d'Kate Middelton duerchgesat huet. Si ass nämlech e grousse Fan vun esou klengen Hitt.
Och déi schwedesch Krounprinzessin hat fir d'Lëtzebuerger Prënzenhochzäit esou e Fascinator gewielt.
En Trend dee sech awer ëmmer erëm schéngt duerchgesat ze hunn, ass dee vum schifen Hutt wéi d'Prinzessin Letizia vu Spuenien et virmécht.
Och d'Prinzessin Mary vun Dänemark hat sech fir e "kromme" Modell entscheet.
Grad ewéi d'Sophie vun der britesche Delegatioun.
Ma och eis Lëtzebuerger Prinzessin Tessy louch mat hirem Kappschmuck genau richteg an domat voll am Trend.
Vill Plommen waren dann och um Rendez-Vous ...
... der Prinzessin Maxima hire Choix hat do fir besonnesch vill Opmierksamkeet gesuergt.
Ma och ënnert de Gäscht haten sech d'Plommen duerchgesat.
Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Vum schifen Hutt, dee sech als Trend schéngt duerchgesat ze hunn, bis hin zum klenge Fascinator oder och nach Plommen ... d'Hitt vun den Dammen fir de rouden Teppech vun der Prënzenhochzäit am Best-Of.