D'Haus Kohlwald an der Traube Tonbach zu Baiersbronn
Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Am 5-Stären-Hotel Traube Tonbach zu Baiersbronn am Nordschwarzwald gëtt ët eng grouss Neiegkeet ze entdecken – d'Haus Kohlwald ass nämléch no spektakuläre Renovatiounen elo just fäerdeg ginn. Ët ass 1976 gebaut ginn, läit niewt dem Stamm- a vis-à-vis vum Haapthaus, mat enger herrlécher Vue op den Dall. Si hunn do och speziell un d'Famillge geduecht, déi ëmmer méi ee grousse Prozentsaatz an der Traube ausmaachen. De Kanner gefällt zum Beispill dee grousse Whirlpool am fonkelneie Wellness-Beräich vum Haus Kohlwald, an deem Dampbad a Panorama-Sauna nët méi plakeg, mee ugedo sinn…