Wanter Olympiad zu Befort: Victoire fir Team "Vëlo"
Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Um Donneschdeg, 7. Februar vu 14 bis 17 Auer gouf zu Befort op der Äispist déi grouss RTL-Wanter-Olymiad gefeiert. A 4 verschiddenen Disciplinen hu sech 6 Equippe musse beweisen. Dat Wichtegst direkt am Ufank: Et gouf kee blesséiert :-) An et war fatzeg kal zu Befort, ma dat hat d'Leit trotzdem net ofgehalen, fir kucken ze kommen, an d'Athleten net vum sech dru Ginn. Ënnert de "Sportler" konnten dëst Joer ënner anerem rekrutéiert ginn:
JAMES BORGES, DIETER D., EXEMO, JOEL SCHAEFFER, COMEBACK, BEN'S CLUB, FONS LEWECK, JEFF STRASSER, JEAN WAGENER, MANUEL CARDONI, KIM KIRCHEN, TOM FLAMMANG ...
Um Enn hat d'Team Vëlo d'Nues vir, also de Kim Kirchen, den Tom Flammang an de Gil Linster (Espoirschampion am Rallye).
Radio Lëtzebuerg huet de ganzen Nomëtteg live vun der Äispist iwwerdroen an op der Radio Web TV, op RTL.lu an op den Appe konnt een dee gellege Spektakel en direct suivéieren ... No 17 Auer gouf dunn an der Buvette vun der Äispist um Altweiberbal gefeiert.