Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
12 Kandidaten hunn e Freideg de Mëtten ëm den Titel gekämpft. Am Kader vun den 3 Deeg Portes Ouvertes hunn RTL an den Electro Center den éischte Championnat am Stëbs-Suckele presentéiert.
An déi grouss Fro war: Wie séchert sech den Titel an domat 4000 Euro? Präisser vun am ganzen 8.500 Euro hunn um Freideg de Mëtteg, 12. Abrëll um Mierscherbierg op déi 12 Konkurrente gewaart.
Um Enn hat d'Nadia Schemel vu Fouhren sech aus dem Stëbs gemaach oder vill méi de Stëbs aus dem Stëbs gemaach a konnt sech iwwert den 1. Präis freeën. Felicitatioun!