Basket zu Steesel: 7e Tournoi International Alain Marchetti
Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Déi dësjähreg Editioun vum Tournoi huet bewisen, dass den Dammebasket, trotz munche Bedenken, ëmmer nach interessant a spannend ka sinn. Déi 8 Equippen, 4 internationaler a 4 Lëtzebuerger, hu schéinen a spannende Basket gewisen an d’Zuschauer hu méi wie eng Kéier pakend Zweekämpf erlieft. Mat de Championsequippen aus der Belsch an aus Holland plus den Equippe vu Saarlouis an aus den USA war den Tournoi dann och héichkaräteg besat. Mat Etzella, T71 Esch a Steesel si Lëtzebuerger Teamen ugetratt, déi all Usproch op de Champion an/oder d'Coupe stellen. All Lëtzebuerger Equipe konnt géint eng auslännesch Equipe gewannen a wann ee gesäit, wien déi Géigner waren, ass dat e Beweis, wéi eng Qualitéit de Lëtzebuerger Dammebasket huet. An dobäi huet déi eng oder aner Equipe nach net a Beschtbesetzung gespillt!
Den Tournoi gouf an enger pakender Finale vum T71 Diddeleng géint Miami Strum mat 74 op 61 gewonnen.
De Shootingcontest gouf vun de Steeseler Ladies Nadine Mangen a Katie Baker mat 17 Punkte Virsprong gewonne géint d’Etzella-Spillerinne Katie Donovan an Telia McCall.
Den Organisateuren an all de Frënn vum Alain Marchetti, déi gehollef hunn, dësen Tournoi schonns déi 7. Kéier iwwer d’Bühn ze kréien, konnt kee bessert Kompliment gemaach ginn wéi de Fait, dass all Equipe sech quasi schonn ugemellt huet fir déi nächst Editioun.