Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Um Freideg, 10. Januar 2014 huet sech déi nei Equipe mat 4 Lëtzebuerger Coureuren dran zu Roubaix (F) virgestallt: Andy a Fränk Schleck, Laurent Didier a Bob Jungels.
15h00: Pressekonferenz
19h30: Team Presentatioun
Trek Factory Racing ass jo d'Nofolgerequipe vun der Lëtzebuerger Profivëlosequipe Leopard. Ee vun de Responsabele vun Trek, den Joe Vadeboncoeur sot: "Mir fuere gär Coursen an mir kënnen et net erwaarden, datt d'Saison ufänkt. Dëst ass e grousse Schratt fir Trek an e grousse Schratt fir de Cyclissem. Mir hunn eng international Equipe op d'Been gestallt, déi haart wäert schaffen, fir d'Supporter en Deel vum Team ze maachen."
Fotoen: Roland Miny, Erny Klein, Rich Simon & Trek Factory Racing