Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
An zwar fir d'Spillerinne Claire Margue, Tessy Margue an Anne Ludivig. Fotoe vum Maya a Robert Straus.
D'Claire Margue(gebuer 1981) ass vun 1993 un beim ABContern.
D'Tessy Margue (gebuer 1984) vun Ufank 1994 un beim ABContern.
D'Anne Ludivig (gebuer 1982) ass fir d'Saison 2001/02 vum Racing komm.
1. Equipe huet d'Claire fir d'éischt um Enn vun der Saison 1995/96 gespillt ënner dem Trainer Rol Schumacher a fir d'éischt richteg déi Saison
drop ënnert dem Boris Krastev, wou si och an d'Coupe Finale komm sinn, awer knapp géint Walfer verluer hunn.
D'Tessy huet fir d'éischt Dammenequipe gespillt an der Saison 1999/2000,och nach ëmmer mam Boris als Trainer. Vun den 8 Coupe d'Europe matcher déi d'Equipe gespillt huet (vu 1997/98 bis 2000/01), huet d'Claire se allen 8 gespillt an d'Tessy nëmmen déi zwee Lescht (si huet direkt an sengem 1. Coupe d’Europe-Match 6 Punkten
zu Namur géint Saint Servais markéiert).
D'Anne koum wei gesot fir den Ufank vun der neier Saison 2001/02, an do hat ee mam Tom Kries, assistéiert vum Misch Engel en neien Trainer, a mam Kris Bernath och eng méi wéi zolitt Verstäerkung!
D'Coupe de Luxembourg gewonn hunn d'Claire an d'Tessy 2000 ënnert dem Boris a mam Anne zesummen 2003, 2004 an 2005 , all Kéier ënnert dem Tom Kries. 2004 hu si allen 3 zesummen den Doublé gemat, och nach dem Club säi bis elo eenzegen Damme-Champions-Titel mat op Contern bruecht.
D'Anne, wéinst Blessur, d'Claire wéinst Blessur a Maternité , d'Tessy wéinst sengem Beruff hunn déi lescht zwee Joer e bëssi méi lues getrëppelt, waren awer nach ëmmer no drun ....an hunn elo zesummen bal 45 Joer éischt Dammenequipe fir den AB Contern um Bockel!
Nationalequipe:
D'Anne an d'Claire hunn eppes méi wéi 10 Joer Nationalequipe gespillt, zweemol un de JPEE deelgeholl, dobäi 2005 an Andorra zesummen d'Goldmedaile gewonn!
Si hunn och Coupe d'Europe gespillt fir d'Selektioun vun deene puer Clibb, déi zesummen ënnert dem Hermann Paar deelgeholl hunn!
D'Tessy huet och an allen Jugendselektioune fir Lëtzebuerg gespillt.