Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Ë Mëttwoch 17.12. haaten de Cactus an RTL op déi 3. Editioun vum Promidinner an de Cactus-Kachatelier op de Wandhaff invitéiert. 7 Promien (Sascha Ley, Victoria, Tony Tintinger, Laurent Carnol, Luc Holtz, Robert Goebbels a Jemp Schuster) hu sech do mat 14 Gewënner vum Radio an deene Responsabele vum Cactus getraff, fir zesummen ze kachen an all déi gutt Delikatesse vum Cactus-Gourmetsmaart ze schmaachen. D'Joëlle Muller an de Camille Ney hunn duerch e lëschtegen Owend gefouert, dee bei eise Gewënner a bei de Promien secher a beschter Erennerung wäert bleiwen!