Prime Racing presentéiert den Ginetta LMP3 (11/06/2015)
Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
En Donneschdeg den Owend huet d'Equipe vu Prime Racing op eng besonnesch Presentatioun invitéiert. Si fueren dës Saison mat engem Ginetta LMP3 an der Supercar Challenge.
Den Auto ass mat engem 5 Liter Nissan V8 equipéiert, dee jee no Mapping tëscht 420 a 570 PS liwwert.
Prime Racing ass eng Lëtzebuerger Ecurie déi 2008 an d'Liewe geruff gouf, an zanterhir schonn eng sëllechen Titele feiere konnt. Ënner Lëtzebuerger Lizenz fueren do de Jean-Marc Ueberecken an de Jean-Pierre Lequeux. De Belsch Jérôme Naveaux verstäerkt d'Team am Joer 2015.
2014 hu se déi belsch BRCC Endurance Trophy gewonnen, dëst op hirem wonnerschéine Ginetta GT40 G50.
2012 goufe se Vize-Champion an der Kategorie GT4 vun der BRCC an 2011 Vize-Champion vun der Kategorie Silhouette 2 vun der BTCS.
Bei der Presentatioun waren nieft Vertrieder vun der Press och eng sëlleche Sponsoren a soss Automobilsport-begeeschtert Leit mat derbäi, fir e flotten Owend zesummen ze verbréngen.