Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Fotoe vun der Vëloscourse am Norde vum Land vum Maya a Robert Straus.
Dag 1
Um Samschdeg stoung déi éischt vun zwou Etappe vum GP General Patton um Programm. No 102km vun Ettelbréck op Ëlwen huet de Ziga Horvat d'Nues knapps vir. De Slowen hat op der Arrivée zwou Sekonnen Avance op de Bjorg Lambrecht (BEL) an de Marc Hirschi (SUI).
Den Tiago da Silva fiert mat engem Retard vun 1 Minutt an 53 Sekonnen op der 20. Plaz als beschte Lëtzebuerger iwwert de wäisse Stréch. An der selwechter Zäit klasséieren sech de Pit Leyder als 23. an de Kevin Geniets als 26..
Dag 2
Bei der internationaler Juniorscourse heescht de Schlussgewënner Marc Hirschi aus der Schwäiz. Beschte Lëtzebuerger zu Wëntger ass de Pit Leyder.
Déi zweeten a leschten Etapp vum GP General Patton gëtt vum Martin Salmon gewonn. Den Däitsche Cyclist ass no 97km tëscht Wëntger op Wëntger als Éischten iwwert d'Arrivée gefuer. Mat um Podium stinn de Georg Zimmermann (GER) an den André Carvalho (POR). Beschte Lëtzebuerger ass de Pit Leyder als Eeleften op véierzéng Sekonnen.
De Generalklassement gëtt vum Schwäizer Marc Hirschi - 4. vun der Etapp - gewonn. Beschtplazéierte Lëtzebuerger ass hei och de Pit Leyder als 14. op knapp zwou Minutten. De Kevin Geniets klasséiert sech als 16 ënner 65 Coureuren, déi de GP ofgeschloss hunn.