Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Den 21. August fänkt déi 675. Schueberfouer un. De Parking um Glacis ass awer elo scho gespaart, fir datt déi éischt Attraktioune kënnen opgebaut ginn.
Fotoen: Paul Theisen, Daniel André
RTL Informatiounen ass dëst Joer d’Spill Avenger nei mat dobäi. Dat ass ganz ähnlech wéi déi aner Joren de Flipfly. Hei ass fir 12 Persounen an dräi Gondele Plaz, déi dréine sech ëm 360 Grad an all Richtung.
Een anert neit Spill ass d’XXL Wilde Maus. Virstelle muss ee sech hei déi original Wilde Maus, mee vill méi grouss. Quasi zwou Achterbunnen, déi matenee verbonne sinn.
No e puer Joer Absence ass och nees de Power Tower 2 do. Dat heescht fir d’Leit, déi e klenge Kick sichen, freie Fall mat méi Kapazitéit an engem anere System, fir erop a rof ze fueren.
The Haunted Mansion ass eng Geeschterbunn, wou d’Leit an den Sëtzer dran hänken a net einfach sëtzen. D’Waggonen dréinen a vibréieren.
An da kënnt och nach de Shake’n'Roll, e Spill, bei deem, wéi den Numm et scho seet, d’Leit gutt duerchgerëselt ginn.