Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Excellent Leeschtung vum Christian Franck op sengem Porsche 997 Cup beim 9. an 10. Laf vum internationalen STT H&R Cup zu Zandvoort an Holland.
Am éischten Zäittraining huet hien dem Ulrich Becker am schlo Reen eng hallef Sekonn ofgeholl an huet sech domat d’Poleposition fir déi éischt Course garantéiert. Am zweeten Zäittraining hat dunn de Mario Hirsch op engem Mercedes d’Nues vir. De Christian hat sech awer, trotz Problemer mam Alternator, nach eng zweet Startplaz fir déi zweet Course geséchert.
An deenen 2 Coursen huet de Christian jeeweils déi drëtt Plaz am Generalklassement hannert deene méi leeschtungsstaarke Mercedes SLS AMG vum Mario Hirsch an dem Porsche 997 GT3 RSR vum Ulrich Becker beluet.
Seng Klass huet de Christian kloer gewonnen an am Generalklassement vum STT H&R Cup läit hien nach ëmmer souverän, mat 65 Punkten, op der éischter Plaz an en huet domat gutt Chance fir säin Titel vum leschte Joer ze verdeedegen.