Präsentatioun vum neie Ferrari GTC4Lusso (17/02/2016)
Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Ferrari huet zu Cernobbio (Villa Erba) um Comer See den neie Sports Tourer presentéiert, deen de Ferrari FF ersetze soll. Et handelt sech ëm de GTC4Lusso, deen nieft dem Allrad, och nach mat 4 Plazen a 690 PS seng Clientel iwwerzeege wëll. Bei 5750 Touren läit de Maximum vun 697 Nm un!
Beim neie sportleche Grand Tourer gräift Ferrari déif an d'Technik-Këscht, a bidd souguer mam 4RM-S eng éischte Kéier eng hënnescht Achs un, déi matlenkt (four-wheel drive and steering). Domat soll d'Fuersécherheet an de Fuercomfort och a schwierege Bedingunge wéi Schnéi oder Reen assuréiert ginn.
Bei der Presentatioun waren och d'Formel 1-Pilote Sebastian Vettel a Kimi Räikkönen present.