Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Haut gratuléiere mir engem Mythos op zwee Rieder fir de ronne Gebuertsdag. Si gehéiert zu Italien wéi Pizza a Pasta an ass natierlech och dës Säit den Alpe ganz beléift. Mir schwätze vun der Vespa, déi der 70 feiert. An d'Vespa-Féiwer gloust och zu Lëtzebuerg, wéi de Christian Schmit feststelle konnt ...
... ginn et dach gläich zwee Clibb hei am Land. De Vespa Club Luxembourg an de Vespa Club Roude Léiw. Bei deene ware mir op Besuch ...
18 Millioune Vespaen an 150 Modeller hu sech am Laf vun der Zäit queesch iwwer de Globus verspreet. D’Erfollegsstory hëlt hire Laf nom Zweete Weltkrich. Do, wou Fligere gebaut goufen, huet den Enrico Piaggio dat produzéiere gelooss, wat gefrot war, e motoriséiert Fortbewegungsmëttel fir zwee Leit. Well en Auto konnte sech déi Wéinegst leeschten. De Paperino, Spëtznumm Donald Duck, gëtt net zeréckbehalen, de Fligeringenieur Caorradino d’Ascanio ass um Enn fir den Design vun der "Harespel", also der Vespa responsabel. Vespa, well breeden Hënneschten a schmuel Taille. De Signore Piaggio war begeeschtert. Duerch eng direkt Traktioun um hënneschte Rad muss keng Kette geschmiert ginn, an d’Plaz virun der Setzbänk gëtt wonnerbar genotzt, fir allméigleches ze transportéieren.
Mat hirer einfacher Technik stellt eng Vespa keng grouss Uspréch un hire Proprietaire an un de Mecanicien.