Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
De rumänesche President Klaus Iohannis a seng Fra sinn e Méindeg an Dënschdeg, 6. a 7. Juni 2016 op Staatsvisite hei zu Lëtzebuerg.
Während dësem Besuch stinn eng Partie Rendez-vousen um Programm, ënner anerem och mat der Chambre de Commerce. D'wirtschaftlech Relatiounen tëscht Lëtzebuerg a Rumänien sinn den Ament nämlech éischter schwaach.
Dofir ginn et aner Relatiounen:
Éier de Klaus Iohannis President vu Rumänien gouf, war hie Buergermeeschter vu Sibiu, op Däitsch Hermannstadt.
Sibiu war net nëmmen 2007 zesumme mat Lëtzebuerg Kulturhaaptstad, an déi Géigend, Siebenbürgen oder och nach Transsilvanien genannt, sinn am 12. Joerhonnert och Leit aus der Muselgéigend, also dem haitege Lëtzebuerg, ausgewandert.
Bis haut ginn déi do als Siebenbürger Sachsen bezeechent (och wa se net aus Sachsen waren). Vill schwätzen nach Däitsch a bis virun e puer Joer konnt ee sech mat Eenzelnen esouguer nach op Lëtzebuergesch austauschen - also et huet ee sech verstan!
Un déi Auswanderungswell vun deemools erënnert zanter e puer Joren zu Sibiu d'Casa Luxemburg. An deem Gebai, dat op Initiativ vum fréieren Direkter vum Service des sites et monuments nationaux Georges Calteux restauréiert gouf, sinn haut e klengen Hotel, e Restaurant an eng Touristen-Info ënnerbruecht.